Gemeng Dikrech
Claude Haagen bleift Buergermeeschter

An der Iesel-Stad hunn d'Sozialiste jo déi absolut Majoritéit, si besetzen de Schäfferot dann och eleng.
Bei de Wahle war d'LSAP zu Dikrech op 47 Prozent vun de Stëmme komm, dat huet 7 vun am Ganzen 13 Sëtz bedeit - also déi absolut Majoritéit.
Buergermeeschter bleift deen Éischtgewielte Claude Haagen.
Schäffe ginn de René Kanivé an de Claude Thill, déi och op d'Plazen 2 an 3 gewielt gi waren.
Soss sinn nach am Gemengerot fir d'Sozialisten: Claude Daleiden, Pascale Schmoetten, Nico Hertz a René Krack.
De René Krack réckelt fir de René Blum no, dee verzicht op säi Mandat.
Am meeschte gelies