Bis e Mëttwoch war de Staatschef op Staatsvisitt a Japan. Hie gouf begleet vu senger Duechter, vun dräi Ministeren a vun enger grousser Delegatioun.

No der Staatsvisitt a Japan hat de Grand-Duc Henri d'Lëtzebuerger Press an den Akasaka Palais zu Tokyo geruff. Um Programm stoung ënner anerem e Spadséiergank duerch de Gaart vum Palais an e Gespréich bei enger Taass Téi.

RTL

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen, tous droits réservés

De Staatschef schwätzt vun engem Besuch a Japan, deen hie markéiert hätt, besonnesch d'Gaaschtfrëndlechkeet vun der Keeserkoppel hätt hien impressionnéiert.

AUDIO: Extrait Grand-Duc Henri (1)

D'Relatioune mam Keeser Akihito a senger Fra Michiko wieren zënter Joerzéngten excellent.

Wat dem Staatschef vun der Visitt a Japan iwwerdeems besonnesch an Erënnerung wäert bleiwen ass de Besuch am Tsukuba Space Center. Do hätt ee gesinn, datt Japan, wat d'Technologien an deem Beräich ugeet, ganz wäit ass.

Säi Rôle bei sou enger Visitt wier déi vun engem "Facilitateur", fënnt de Groussherzog, et wier um Staatschef, fir d'Dieren opzemaachen.

Fir d'Prinzessin Alexandra war et déi éischt Staatsvisitt, si hätt dat ganz gutt gemaach, seet de Grand-Duc Henri.

AUDIO: Extrait Grand-Duc Henri (2)
VIDEO: Laang Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a Japan
3 Deeg war de Grand-Duc mat senger Duechter, dräi Ministeren an enger grousser Delegatioun op Staatsvisitt a Japan. De Bilan ass um Enn ganz positiv ausgefall.

Programm vum Méindeg, 1. Dag

Wéi gewinnt huet en Deel vun der Staatsvisitt sech op dat Protokollarescht konzentréiert. Do war notamment déi feierlech Accueil-Zeremonie am Palais impérial, d’Lëtzebuerger Gäscht goufe vum Keeser Akihito a senger Fra Michiko begréisst, grad ewéi vum japanesche Premier Shinzo Abe a senger Fra Akie.

VIDEO: Staatsvisite a Japan: Empfang beim Keeser
Eng déif Frëndschaft verbënnt seng mat der keeserlecher Famill, sot de Grand-Duc Henri e Méindeg zu Tokio, um 1. Dag vun der Staatsvisitt.

No der Ouverture-Zeremonie stoung nieft dem Business-Forum och e Besuch op der Sophia-Universitéit um Programm. De Grand-Duc Henri krut do een Éierendoktertitel. D'Uni huet e besonnesche Lien zu Lëtzebuerg: si gouf vum Lëtzebuerger Pater Dahlmann matgegrënnt an den haitege Lëtzebuerger Äerzbëschof war Vize-Rekter. De Jean-Claude Hollerich war um Méindeg bei der Zeremonie derbäi.

Zu Tokio am Hama House ass de Wirtschaftsminister Etienne Schneider bei der offizieller Ouverture vum Lëtzebuerger Pop-Up-Café dobäi, dee bis de 17. Dezember seng Dieren op huet. Des Initiativ schreift sech an de Kader vun der touristescher Promotioun vum Grand-Duché am Ausland.

Den Ausseminister Jean Asselborn sengersäits hat eng Entrevue mat sengem japaneschen Homolog Taro Kono, wou et ëm déi bilateral Relatiounen an déi wichteg politesch Dossiere goung.

Mat engem Gala-Dîner, offréiert vun der japanescher Keeserkoppel, goung den éischten Dag vun dëser Visite op en Enn.

AUDIO: Staatsvisite a Japan: 1. Dag - Rep. Pit Everling

Programm vum Dënschdeg, 2. Dag

No engem scho ganz chargéierten Dag e Méindeg, hu sech de Grand-Duc Henri an d'Prinzessin Alexandra um Dënschdeg mam keeserlechen Zuch op Tsukuba deplacéiert, wat 60 Kilometer vun Tokyo ewech läit. Do goufen de Grand-Duc a seng Duechter souwéi d'Keeserkoppel an d'Ministeren Etienne Schneider a Pierre Gramegna vun den Autoritéiten an der lokaler Populatioun empfaangen.

VIDEO: Staatsvisite a Japan: Wirtschaftlech Aktivitéiten am Fokus
Japan ass dee wichtegsten Handelspartner vu Lëtzebuerg an Asien, alleng d'lescht Joer hu sech déi wirtschaftlech Aktivitéiten tëscht béide Länner verduebelt.

Um Programm dono stoung eng Visite vum Tsukuba Space Center, der japanescher Agence fir Weltraumfuerschung.

De Fait, datt de Grand-Duc Henri an d'Prinzessin Alexandra zesumme mat der japanescher Keeserkoppel dës Visitt gemaach hunn, géif weisen, wéi wichteg d'Kooperatioun tëscht béide Länner am Space-Beräich wier, sot de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.

Uganks hat Tokio d'Pläng vu Lëtzebuerg am Spice Mining aktiv ze ginn, nach kritesch gesinn. En Dënschdeg gouf an deem Sënn e Memorandum of Understanding mat Japan ënnerschriwwen. Lescht Bedenke fir eng kommerziell Exploitatioun vum Weltall hätte kënnen an de leschte Méint aus dem Wee geraumt ginn, sou nach den Etienne Schneider.

Den Interêt u Lëtzebuerg ass dem Wirtschaftsminister a Japan relativ grouss. Ënnert anerem am Beräich Tourismus géif een dat gesinn. D'Zuel vu japaneschen Touriste ass am Laf vun de Jore staark geklommen. Sou hu sech um Tourismus-Seminaire zu Tokyo iwwer 60 Tour-Operateuren ageschriwwen.

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn koum iwwerdeems um Dënschdeg mat sengem japaneschen Homolog beieneen. An de Gespréicher mam Tarō Kōno goung et ënner anerem ëm d'Fräihandelsofkommes JEFTA tëscht der Europäescher Unioun a Japan. Aner Sujete waren Nordkorea an d'Suitte vum Brexit.

De Finanzminister Pierre Gramegna freet sech an deem Kontext, datt rezent dräi grouss japanesch Assurancen decidéiert hunn, fir hiren europäeschen Headquarter vu London op Lëtzebuerg ze verleeën.

Programm vum Mëttwoch, 3. Dag

Um leschten Dag vun der Lëtzebuerger Staatsvisitt a Japan gouf duerchaus e positive Bilan gezunn, ënnert anerem businessméisseg wier villes erreecht ginn, heescht et vu Lëtzebuerger Säit. Mat dësem Besuch hätt de Grand-Duché eng immens Visibilitéit a Japan kritt.

Staatsvisite a Japan: E positive Bilan
Ënner anerem goufe 5 Kooperatiounsaccorden während der Staatsvisite a Japan ënnerschriwwen.

Bei enger grousser Space-Konferenz um leschten Dag gouf a Präsenz vum Grand-Duc Henri e Memorandum of Understanding ënnerschriwwen, rieds ass vun engem generellen Accord, deen d'Gouvernance am Espace soll regelen.
Fir de Grand-Duché mat sengem Space-Mining-Programm ass Japan e wichtege Partner fir d'Zukunft, d'Land gëllt als Pionéier an der Exploratioun vun Asteroiden. Bei den Hayabusa-Missioune geet et drëm, fir Buedemprouwe vun Asteroide mat zeréck op d'Äerd ze bréngen, sou de Georges Schmit vu spaceresources.lu.

RTL

Luxembourg and Japan agree to cooperate on exploration and commercial utilization of space resources (29.11.2017) Etienne Schneider, Deputy Prime Minister, Minister of the Economy ; Masaji Matsuyama, Minister of State for Space Policy / © MECO


Lëtzebuerg ass fir Japan interessant, well et eent vun de wéinege Länner op der Welt ass, wat schonn eng integréiert Strategie huet, eng kohärent Approche wat d'Ressourcen ugeet, seet nach de Georges Schmit, eppes wat op internationalem Niveau entretemps och jidderee matkritt hätt.

No der Space-Mining-Annonce vun der Regierung wier d'Welt op Lëtzebuerg opmierksam ginn, confirméiert den Takeshi Hakamada, CEO vun der japanescher Firma Ispace, déi jo scho mat Lëtzebuerg zesummeschafft. An der nächster Ära vun der Space-Industrie wäert Lëtzebuerg Haaptacteur op dësem Terrain sinn.

5 Mol gouf an de leschten Deeg e Memorandum of understanding ënnerschriwwen, seet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider um Enn vum Staatsbesuch. Een dovunner betrëfft d'Cargolux, déi no 30 Joer Diskussiounen a Verhandlungen mat Nippon Cargo Airlines zesummeschafft.

Och e japanesche Pharmakonzern kéint sech zu Lëtzebuerg néierloossen, sot den Etienne Schneider, ouni scho wëllen d'Detailer ze verroden.

De Finanzminister Pierre  Gramegna konnt ënner anerem matdeelen, datt en MoU mat enger japanescher Fintech-Organisatioun ënnerschriwwe gouf, enger jonker Associatioun vun 2 Joer mat 300 Memberen. Hei soll an Zukunft mat Lëtzebuerg zesummegeschafft ginn, seet de Pierre Gramegna, deen och mat enger japanescher Bank Gespréicher gefouert huet, déi nom Brexit hir Aktivitéiten am Grand-Duché wéilt verdéiwen.

RTL

© SIP / Charles Caratini, tous droits réservés

Um leschten Dag stoung och e Finanz-Seminaire um Programm, dernieft war eben d'Space-Konferenz an duerno eng Visitt um "Skytree", dem zweethéchste Bauwierk vun der Welt, mat spektakulärer Vue op déi japanesch Haaptstad. Den Tuerm ass 634 Meter héich, Visiteure komme bis op eng Héicht vu ronn 450 Meter erop.

De Lëtzebuerger Staatsbesuch a Japan goung mat engem Concert fir de Grand-Duc Henri a fir d'Prinzessin Alexandra op en Enn.