Alkohol op der Aarbecht: Patrone misste kënne kontrolléieren
Invité e Mëttwoch de Moien um 10 op 8 war de Me Pierrot Schiltz. Hien huet iwwert säi Buch "L'Alcool et le Travail" geschwat.
Ee Véierel vun den Aarbechtsaccidenter an all 6. Entloossung hei am Land sinn op Alkohol zeréckzeféieren.
Alkohol an och Drogen op der Aarbecht sinn e reelle Problem hei am Land. De Patron ass zwar fir d'Sécherheet vum Salarié op der Schaff responsabel, bei Accidenter duerch Alkohol an Drogen ass den Gesetzestext awer net ganz kloer.
Dat seet de Me Pierrot Schiltz, Auteur vum Buch "L'Alcool et le Travail". Hie fuerdert dowéinst e méi kloren a strenge juristesche Kader, dee keen Interpretatiounsspillraum léisst, wien dann elo responsabel ass.
Eisen Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Mueren huet an deem Kontext null Promill op der Aarbecht gefuerdert an d'Patrone missten och Méiglechkeete kréien ze kontrolléieren, ouni awer d'Leit kënnen ze harceléieren.
Wat Betribsfeieren ugeet, där jo elo um Enn vum Joer nawell vill sinn: bei dëse kann den Patron net dofir responsabel gemaach ginn, wann dem alkoholiséierte Salarié eppes geschitt, sou nach de Me Schiltz.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.