Invité e Freideg um 10 op 8 war d'CSV-Europadeputéiert Viviane Reding.

No bal 3 Joerzéngten op europäeschem Plateau wëll d'Viviane Reding et nach eng Kéier op nationalem Plang wëssen. Déi fréier EU-Kommissärin an aktuell CSV-Europadeputéiert war e Freideg de Moien d'Invitée vun der Redaktioun. D'Viviane Reding wollt verschiddene Saachen zu Lëtzebuerg net méi weider nokucken, notamment a punkto Europapolitik hätte mir net genuch Poids. Ënnert anerem dowéinst hätt si decidéiert, fir hei nees wëllen eng Hand mat unzepaken.

AUDIO: D'Viviane Reding (Extrait 1)

D'Fro déi sech stellt: Zentrum oder Süden? "Dat decidéiert de Weiserot", seet d'Viviane Reding, "e
 fille mech a béide Bezierker doheem".
Ob d'Fro, ob si am Süden net dem Parteipresident Marc Spautz an am Zentrum de Spëtzekandidat Claude Wiseler Konkurrenz kéint maachen, ass d'CSV-Politikerin net agaangen. Si géing jiddefalls hanner dem Spëtzekandidat stoen a wier keng Gefor fir dësen.

AUDIO: D'Viviane Reding (Extrait 2)

Wat déi nationalpolitesch Themen ugeet, sou gi mat der CSV keng Rente gekierzt, de Wuesstem misst e bësse manner no baussen a méi no banne geschafe ginn, et misst méi no Lëtzebuerg selwer gekuckt ginn. Sou e serieuxt Thema wéi de Mindestloun dierft een net mat Sloganen a mat parteipolitescher Polemik ugoen, jiddefalls misst d'Tripartite reaktivéiert ginn, esou d'Viviane Reding.

"Ech ka vill a stellen dat menger Partei zur Verfügung", sou nach eng Ausso vun der Eruopadeputéiert. Sollt d'CSV an d'Regierung kommen, da géing d'Viviane Reding sech op e puer Still gutt gesinn. Ausseminister, Europaminister, Wirtschaftminister oder Finanzminister zum Beispill.

AUDIO: D'Viviane Reding (Extrait 2)
AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Viviane Reding

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.