D'Fuerscher wëllen erausfannen, ob een den Ausbroch vun der auto-immun Krankheet verhënnere kann. Zu Lëtzebuerg ginn d'Prouwe gesammelt.

Ass eng Preventioun vun Diabetes vum Typ méiglech? Där Fro geet eng international klinesch Studie no, an där d'Lëtzebuerger BioBank IBBL (Integrated Biobank of Luxembourg) eng Schlësselroll iwwerhëlt.

Typ-1-Diabetes ass déi heefegst Stoffwiesselkrankheet bei Kanner a Jugendlechen. Zu Lëtzebuerg si ronn 5.000 Leit vun dëser auto-immun Krankheet betraff. Wéi genee déi nei Studie oflafe soll a wéi e Rôle Lëtzebuerg dobäi spillt? D'Claudia Kollwelter mat den Detailer.

AUDIO: IBBL an Diabetes: Rep. Claudia Kollwelter

Weltwäit si ronn 300 Millioune Mënsche vun engem Diabète betraff, dovun awer nëmmen 10% vum Typ 1. Bei dëser Krankheet gräift dat kierpereegent Immunsystem d'Zelle vun der Bauchspeicheldrüs un, déi Insulin produzéieren, an zerstéiert déi. D'Leit, déi vum Typ 1 betraff sinn, mussen also hiert Liewen laang selwer Insulin sprëtzen, fir de Bluttzockerwäert ze regléieren.

Den Institut fir Diabetesforschung vum Helmholtz-Zentrum zu München huet d'Lëtzebuerger IBBL als Biobank ausgesicht, fir d'Echantillone vun 300.000 klenge Kanner aus ganz Europa ze sammelen, erkläert d'Generaldirektesch Dokter Catherine Larue:

D'Kanner hunn tëscht 0 an 3 Joer an hunn eng genetesch Predispositioun, Diabetes vum Typ 1 ze kréien. Déi sollen Insulin kréien - iwwert d'Voie orale - an da soll gekuckt ginn, ob doduerch den Ausbroch vun der Krankheet retardéiert oder souguer komplett verhënnert ka ginn, wat natierlech dat Ideaalt wier.

D'IBBL wier mat hirer Experienz an hirer ultra-moderner Infrastruktur an hirem Equipement perfekt preparéiert an hätt eng kloer Missioun: Déi 300.000 Echantillonen ze sammelen an anzefréieren an duerno se nees de Fuerscher ze ginn, déi domat schaffe wëllen, fir de Prozess vun der genetescher Predispositioun ze analyséieren.

Et geet een dovun aus, datt sech d'Immunsystem bei Neigebuerene schonn an den éischte Liewensjoren un d'Hormon Insulin gewinnt an et dann och spéider net als friem ugesäit an dowéinst ugräift.

D'Studie wäert am Laf vun dësem Joer ufänken: 2018 geet et lass a well een den drëtte Gebuertsdag vun de Kanner ofwaart, leeft se bis 2021 an eréischt 2022 kann ee mat Analyse rechnen.

D'Studie gëtt iwwregens vun enger amerikanescher Stëftung finanzéiert. D'IBBL kritt 400 000 Euro zur Verfügung gestallt.

Weltwäit si ronn 300 Millioune Mënsche vun engem Diabète betraff, dovun awer nëmmen 10% vum Typ 1. Wat genee Typ 1 Diabetes ass, erkläert d'Generaldirektesch vun der IBBL, d'Doktesch Catherine Larue.

AUDIO: D'IBBL-Generaldirektesch Dr. Catherine Larue
RTL

© Didier Weber