Systemateschen Depistage fir all Puppelche proposéiert

D'Mucoviscidose gehéiert zu de rare Krankheeten, mä dat heescht net, datt d'Erkennen heivunner net stänneg muss optimiséiert ginn.
D'Mucoviscidose gehéiert zu de rare Krankheeten, mä dat heescht net, datt d'Erkennen heivunner stänneg muss optimiséiert ginn. Zesumme mam Nationale Gesondheetslabo proposéiert de Gesondheetsministère e systemateschen Depistage fir all Puppelchen.
Deen neo-natale Screening besteet aus Tester, déi bei Kanner gemaach ginn, déi op d'Welt kommen, fir esou rar Krankheeten ze depistéieren, déi dacks genetesch bedéngt sinn an natierlech potentiell liewensgeféierlech kënne sinn. Well et effikass Traitementer ginn, muss, wéi bei der Mucoviscidose, d'Krankheet esou fréi wéi nëmme méiglech fonnt ginn.Hei am Land betrefft d'Krankheet ee Kand op 3.500 Puppelcher; och wann d'Eltere keng Unzeeche vun der Krankheet hunn, kann d'genetesch Krankheet esouwuel Meedercher wéi Jongen concernéieren.Méiglech Symptomer sinn Anomalie beim Zouhuele vum Puppelchen, Iess-Problemer an Infektioune vum Otemsystem. Dës éischt Zeeche vun der Krankheet triede scho während den éischte Wochen op, wann e Kand op der Welt ass, dëst mat ënner anerem heefege Bronchitten duerch deen zéie Schläim, stännegen Houscht oder Duerchfall respektiv Verstoppt-Sinn, well de Schläim och d'Bauchspeicheldrüs an d'Liewer ka verstoppen. Den neonatale Screening mécht also absolut Sënn, wat méi fréi, wat besser.Wéi leeft den Depistage vun der Mucoviscidose hei am Land am Prakteschen of?D'Eltere mussen hiren Accord ginn. D'Resultat vun deem Test gëtt awer nach keng diagnostesch Sécherheet, sou datt, en cas de doute, weider Tester néideg sinn. Den Depistage leeft ewell zanter bal 3 Méint am LNS am Kader vun engem Pilot-Projet, deen eng 2 Joer laang wäert daueren, fir esou och e Recul iwwert déi technesch Choixen ze kréien an de medezinesche Protokoll z'erstellen, deen de Screening begleet.Den Traitement vun der Mucoviscidose besteet nieft administréierte Medikamenter aus eng Partie Therapien wéi Inhalatioun, Ernierung oder Sport.
|