Ronn 1.000 Leit hei am Land hu Parkinson

© RTL / Domingos Oliveira
D'Patienten hei zu Lëtzebuerg hunn allerdéngs net all den nämmlechten Zougang zu Therapien, wat zum Deel geographesch bedéngt ass.
Mee och d'Qualitéit vun der Fleeg an der Versuergung vu Parkinson-Patiente variéiert. Dat soll elo ännere mat enger neier Initiative mam Numm "ParkinsonNet", déi e Freideg op der Uni Lëtzebuerg presentéiert gouf.
Ee méi intensiven Austausch tëscht Dokteren, Ergotherapeuten, Kinéen, Logopeden a Fuerscher, genee wéi och Patienten a Patientevertriedungen, dat ass d'Haaptzil vu "ParkinsonNet". D'Initiativ gëtt et schonn an Holland an hei huet sech gewisen, datt déi méi enk Vernetzung tëscht de verschiddenen Acteure vill Virdeeler huet. Den Direkter vu "ParkinsonNet" an Holland Bastiaan Bloem ass der Meenung, dass een och d'Patienten informéiere misst, well een informéierte Patient wier méi glécklech, well e seng Problemer selwer besser verstoen a behandele kéint. Domat géing natierlech och Geld gespuert ginn, esou nach de Bastiaan Bloem.
De Schlëssel wier, datt matenee geschwat gëtt. Engersäits natierlech de Patient mat sengem Dokter, mee och déi verschidden Acteuren aus dem Gesondheetswiesen. Bis elo huet dat net ëmmer geklappt, betount den Neurolog a Parkinson-Fuerscher Professer Dokter Rejko Krüger. Och ënnersträicht hien, dass all Aart vu Feedback a Kommunikatioun wichteg ass.
Mat Hëllef vu Formatioune sollen déi Professionell permanent weidergebilt ginn. Mee och d'Patiente selwer kënnen un deene Formatiounen deelhuelen, fir hiert Bewosstsinn fir all d'Aspekter vun hirer Krankheet an hir eege Responsabilitéit mam Ëmgang mat Parkinson ze stäerken. Den Bastiaan Bloem ënnersträicht, datt wann ee krank ass, een dacks och onsécher ass. Hei géing "ParkinsonNet" nees nei Sécherheet bréngen, well Experte sech ëm si géinge këmmeren an hinnen och ee kloert Bild iwwer d'Krankheet kéinte vermëttelen.
D'Formatioun am Kader vu "ParkinsonNet" huet e Méindeg op der Uni Lëtzebuerg um Belval ugefaangen, et ass allerdéngs eng kontinuéierlech Formatioun, den Echange soll permanent sinn. De Projet zu Lëtzebuerg gëtt vum Gesondheetsministère ënnerstëtzt.