Ronn 20 Persoune sinn zu Lëtzebuerg vun dëser Krankheet, déi fréier och "Bludderkrankheet" genannt gouf, betraff.

Um Méindeg ass den internationalen Dag vun der Hämophilie, fréier och „Bludderkrankheet“ genannt. D'Blutt vun de betraffene Patiente gerënnt bei dëser Krankheet net oder manner séier. Eng Bluddung kann also net oder nëmme schwéier gestoppt ginn. Et ass eng rar Krankheet, weltwäit sinn nëmmen 175.000 Fäll enregistréiert, zu Lëtzebuerg der nëmmen 20.

Besonnescht geféierlech sinn ënnerlech Bluddungen am Gehir oder an de Gelenker, déi am schlëmmste Fall zu permanente Behënnerunge kënne féieren. Hautdesdaags gëtt et gutt Medikamenter, mat deenen e bal normaalt Liewe fir di Betraffe méiglech ass. De Loïc Beurlet huet selwer Hämophilie an hien zielt, dass et besonnesch a senger Kandheet schwéier fir hie war, mat der Krankheet ëmzegoen:

AUDIO: De Loïc Beurlet schwätzt als betraffene Patient

© FRED PROUSER / POOL / AFP