Et soll eng manner restriktiv Approche applizéiert ginn, fir de Gebrauch vu Cannabis fir medezinesch Zwecker.

De Gebrauch vu Cannabis soll net depenaliséiert ginn. Dat war ee vun de Constaten en Dënschdeg an der parlamentarescher Gesondheetskommissioun. Et soll dogéint eng manner restriktive Approche applizéiert ginn, fir de Gebrauch vu Cannabis fir medezinesch Zwecker. Dat huet no der Sëtzung d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch präziséiert.

Di grouss Linne waren den Deputéierte schonn Enn d'lescht Joer presentéiert ginn. Den Text gesäit vir, dass Persounen, déi zum Beispill Kriibs, eng Sklerose oder eng chronesch Krankheet hunn op Cannabis duerfen zeréckgräifen fir hiert Leiden ze verréngeren.

Bis elo war et sou, dass just spezialiséiert Doktere konnte Cannabis fir medezinesch Zwecker verschreiwen. Op Basis vum Avis vum Staatsrot hunn d'Deputéiert vun der Gesondheetskommissioun festgehalen, dass an Zukunft och Generalisten, ënnert der Konditioun, dass si eng speziell Formatioun suivéiert hunn, Cannabis kënne verschreiwen. Donieft dierfte just d'Apdikte vun deene véier grousse Spideeler am Land Cannabis erausginn. Verschidden Deputéiert hunn iwwerdeems gefuerdert, dass och di lokal a regional Apdikten Cannabis duerfen erausginn.

De Grand-Duché ass eent vun den éischte Länner an Europa, dat op de Wee vu sou enger Legislatioun wëll goen.

De Gesetzprojet gesäit donieft vir, dass all zwee Joer Bilan gezu gëtt, fir d'Zuel vun de Patienten déi dorobber zeréckgräifen ze determinéieren. Dëse Bilan soll et och de politesche Responsabelen erméiglechen fir ze kucken, ob d'Lëscht mat de Krankheete solle ausgebaut ginn. Eng Partie Deputéiert hunn sech dofir ausgeschwat, dass och HIV-Patiente sollte berécksiichtegt ginn.
Wat de Remboursement betrëfft, sot di zoustännege Ministesch, dass aktuell Gespréicher mat der CNS gefouert ginn. Lëtzebuerg soll de Cannabis iwwregens vun der Cannabis-Agence aus Kanada geliwwert kréien. An Europa sinn et just Éisträich an Däitschland déi sou eng Cannabis-Agence hunn.