Dat ware Wiederen! Vill Interventiounen a grouss Schied!
Et war zwar do virdru gewarnt ginn, ma um Enn koum et awer méi zolidd, wéi een et fir méiglech gehalen hätt - d'Wiederfront vum Sonndeg hat et a sech!
E Sonndeg den Owend sinn hefteg Wiederen iwwer Lëtzebuerg ewechgezunn. Si hate vill Reen am Gepäck an och déck Knëppelsteng - fir eis Géigende souguer ganz déck Knëppelsteng, dat ass dat Mannst, wat ee soe kann ...

Déck Badettie sinn ë.a. zu Stroossen erofkomm. / © Serge Manes
Quasi am ganze Land waren um Sonndeg Blëtzer ze gesinn an Dimmeren ze héieren.
MOV: Video vun Alzeng vum Ben Michels (1)
MOV: Video vun Alzeng vum Ben Michels (2)
MP4: Wiederen am Raum Veianen (L) a Geichlingen (D), vum Carlo Nowack.
MP4: Video vun de Wiederen zu Geichlingen (D), vum Carlo Nowack.
Eréischt am Laf vum Méindeg, bei Dagesluucht also, war ze gesinn, wat de Knëppelsteng alles zum Affer gefall ass.
Gréissere Schued um Heederhaff
Grousse Schued gouf et zum Beispill zu Konter um Heederhaff. De Bauer Tom Jungblut, spezialiséiert am Geméisbau a virun allem an Zaloten, huet e Méindeg de Moie vun enger schlëmmer Situatioun geschwat, déi sech him presentéiert huet.
Den Heederhaff huet op senger FB-Säit een desastréise Bilan gemaach!
Duerch d'Knëppelsteng an d'Loft goufe quasi 100% vun hiren Zaloten zerstéiert, wat eng Stéckzuel vun iwwer 100.000 Käpp ausmécht. Déi Zaloten, déi d'Knëppelsteng iwwerlieft hunn, si komplett verknascht duerch de Buedem, deen duerch déi vill Loft opgewierbelt gouf.
112: 380 Uriff, iwwer 200 Asätz
Am Laf vum Sonndeg Owend hat den 112 matgedeelt, datt en en Operatiounszenter (Centre de Gestion des Opérations) ageriicht huet, esou vill Meldunge ware komm. Déi operationell Ekipp gouf vu 6 op 8 opgestockt. Um 1.30 Auer gouf de CGO nees zougemaach.
380 Mol gouf e Sonndeg an d'Noutruffzentrall ugeruff, wéinst den zolitte Wiederen, dem ville Reen an de Knëppelsteng. Iwwer 200 Interventiounen goufe gefuer, dat haaptsächlech am Zentrum an am Süde vum Land.
Et waren zwou Wiederfronten um Sonndeg Owend an eiser Géigend. Déi eng, méi vu Westen hier, ass knapps laanscht eis gezunn. Déi aner, vum Süden, huet eist Land voll erwëscht ...

Esou eng Kaart ass, zum Gléck, seelen - mof ass déi héchste Warnstuf bei eise Wierderwarnungen ...
Géint 1 Auer um Méindeg de Moie war dat Schlëmmst laanscht.
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.
E puer Interventiounen erausgegraff
Wéi et an engem Schreiwes vum 112 heescht, wier besonnesch d'Gemeng Koplescht vun de Wiedere betraff gewiescht. Duerch de ville Ree gouf den Duerfkär vu Koplescht mat Bulli iwwerschwemmt, dat tëscht der Rue Schmitz an der Mierscherstrooss.
PDF: Schreiwes vun der Administration des services de secours

Bulli am Duerfkär zu Keespelt / © RTL Mobile Reporter / Danièle Weyland
Déi Biissener Pompjeeë waren och gefuerdert, si waren an der Nuecht op e Méindeg mat 3 Ekippen op 8 Plazen am Asaz: Virun allem Keller, déi ënner Waasser stoungen, waren auszepompelen, ma op der Streck Biissen-Béiwen war et och zu engem klengen Äerdrutsch komm.
Méi schro erwëscht hat et d'Rue des Moulins, wou d'Pompjeeën 3 Stonne laang versicht hunn, Haiser mat Pompelen a Sandsäck ze schützen. Een Haus ass awer iwwerflut ginn.
Och zu Esch hunn d'Pompjeeë missen ausrécken. Am Ganze waren 22 Leit am Asaz well eng sëlleche Kelleren ënner Waasser stoungen.

Nieft e puer Interventiounen um Sonndeg den Owend, waren d'Pompjeeë vu Béiwen/Atert och e Méindeg de Moie wéinst engem Bam an der Strooss am Asaz. / © Pompjeeë Béiwen/Atert
Inneminister seet Merci
Dan Kersch remercie les services de secours suite au passage du front orageux (29.04.2018) Communiqué par: ministère de l'Intérieur
Le ministre de l'Intérieur, Dan Kersch, tient à remercier tous les pompiers qui ont réalisé plus de 200 interventions depuis hier soir suite aux intempéries qui ont touché plus particulièrement le sud et le centre du pays.
Il remercie également l'Administration des services de secours, qui a activé avec efficacité le Centre de gestion des opérations (CGO) pour coordonner les actions dans les communes concernées.
Le Central des secours d'urgence C.S.U. 112 a été renforcé en effectifs.
Dan Kersch exprime la reconnaissance du gouvernement à l'égard de la disponibilité et de l'engagement des volontaires au service d'autrui: «Les services de secours ont répondu de façon exemplaire à l'appel à l'aide. Les volontaires constituent un maillon essentiel dans les services de secours et resteront un pilier indispensable du futur CGDIS.»

Eng "wäiss" Strooss zu Leideleng um Sonndeg den Owend. / © Christian
Merci fir Är Biller a Videoen
Dir hutt Fotoe gemaach? Schéckt eis se! Op foto@rtl.lu
Am beschte mat Numm a Plaz. MERCI!!! Merci och fir dës Videoen:
MOV: Monnerech, vum Marco Seil.
MOV: Blëtzer zu Bëschdref, vum Ben Frin.
MP4: Video vu Beetebuerg, vum Maeva Knemp.
MOV: E kuerze Video vun Diddeleng vum Jean-Marc Sturm.
MP4: Klenge Video vu Leideleng vum Stefan Tiris.
MOV: Blëtz ass an e Bam geschloen - Arthur Clees
MOV: Andréck vu Leideleng vum Mireille Siebenaller-Weber.
MOV: Donnerwierder, vum Jessica Hilbert.
MP4: Donnerwieder, vum Anita Meffert.
MOV: Knëppelsteng zu Koplescht, vum Yves Flammang.
- METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?
- METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.
- METEO: Livecam - de Bléck vum Héichhaus.
- METEO: Wiederwelt, de Blog vum Yann Logelin.
Iwwer Facebook krut RTL um Sonndeg den Owend direkt vill Matdeelungen, wou et grad "gedubbert" huet ... Merci och dofir!
Wat war geschitt?
Am ganze Land kéint et lokal zu schroe Wiedere kommen, mat vill Reen bannent kierzter Zäit an deemno wéi och mat vill Wand, mat Spëtzen iwwer 90 km/h. Och Knëppelsteng wiere méiglech. Esou d'Ukënnegung ... Dës präzis Warnung vu Meteolux sollt vum Sonndeg den Owend 21 Auer bis e Méindeg de Moie fréi 1 Auer gëllen. Et gouf also virun heftege Wiedere gewarnt. Hei de Wuertlaut vun der Info vum Sonndeg den Owend:
Avis d'orages forts: Dimanche 21:00 à lundi 01:00, pour tout le pays: Localement orages forts avec d'importants cumuls de pluie sur courte période de temps et des fortes rafales de vent >90 km/h. Des chutes de grêle sont localement possibles.
Um Sonndeg de Moie war ewell méi allgemeng gewarnt ginn, viru Wiederen - et war een also gewarnt:
Avis d'orages: Dimanche 18:00 à lundi 03:00, pour tout le pays: Orages avec fort cumul de pluie sur de courte période de temps (15 à 20 l/m2 par heure) et de fortes rafales ce soir (70-80 km/h).
Scho méi laang war jo gewosst, datt et um Sonndeg am Grand-Duché ongemitterlech kéint ginn ... An d'Wieder oder vill méi d'Wiedere waren um Rendez-vous: Virun allem vu Süden erfort si se an d'Land gezunn. Et huet geblëtzt a gedonnert, et huet gereent a Knëppelsteng si gefall, plazeweis richteg zolidd Kadetten. Um Kierchbierg hu mir ee fonnt, dee bal 3 cm Duerchmiesser hat ... op anere Plaze sinn nach méi déck Kadette vum Himmel gebonzelt ...
De Jörg Kachelmann hat och gewarnt
KACHELMANNWETTER.COM: Déi aktuell Entwécklung ...
Am noen Ausland
Wéinst méigleche fermen Donnerwiederen hunn och eis Noperen eenzel Regiounen ënner Alerte gesat gehat. Frankräich huet fir 9 Departementer, am Osten, dorënner och eis direkt Nopesch-Regiounen, d’Vigilance Orange declenchéiert gehat. Besonnesch zu Dinant hunn d’Wieder vill Schued hannerlooss. Stroossen waren iwwerschwemmt a ganz Diech matewechgerappt ginn a Stroumkabelen lassgerappt. Iwwert 50 Interventioune sollen d’Pompjeeën op der Plaz gefuer sinn.
A Frankräich bleift d’Vigilance Orange och nach um Méindeg an dräi nërdlechen Departementer erhalen, dorënner Pas-de-Calais.
"Dans une masse d'air assez instable, des orages vont se multiplier et s'organiser (dimanche) après-midi et (dans la) nuit pour devenir forts voire violents", a indiqué Météo-France qui a placé en vigilance orange les Ardennes, l'Aube, la Marne, la Haute-Marne, la Meurthe-et-Moselle, la Meuse, la Moselle, les Vosges et la Haute-Saône.
Och an der Belsch gouf et eng Onwieder-Warnung fir d’Wallonie. Gerechent gouf mat lokal ganz heftegen Donnerwiederen a villem Reen.

Dës Grafik vu kachelmannwetter.com weist, wéi d'Wiederen aus Frankräich bei eis gezu sinn.
Och zu Esch hunn d'Pompjeeë missen ausrécken. Am Ganze waren 22 Leit am Asaz well eng sëlleche Kelleren ënner Waasser stoungen.