Dat waren d'Haapttheme vun der antëscht 10. nationaler Konferenz iwwert d'Gesondheet hei zu Lëtzebuerg, déi vum Gesondheetsministère organiséiert gouf.

Iwwer 300 Leit aus ganz verschiddene Sparte souzen e Mëttwoch de ganzen Dag iwwer zesummen, fir iwwert nei Gesondheetsstrategië fir d'Zukunft ze diskutéieren.

AUDIO: National Gesondheetskonferenz/ Reportage Claudia Kollwelter

Och am Gesondheetssecteur spillt d'Digitaliséierung ëmmer méi e grousse Rôle an dofir war och dës Digitaliséierung ee vun den Haaptsujeten op der Konferenz, erkläert d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch. Gesondheetstechnologien op déi ee sech fokusséiert, solle virun allem Verbesserungen an der Diagnostik, dem Traitementer an der Begleedung bréngen.

D'Konferenz huet natierlech och dozou bäigedroen, datt Iddie proposéiert goufen, zum Beispill an der Preventioun, wou den Hausdokter eng wichteg Roll kéint spillen. De Patiente kéinten sou no enger normaler Consultatioun Elementer op de Wee gi ginn, fir sech besser a Punkto Gesondheet opzestellen. E wichtegt Element vun engem wichtege Partner am Gesondheetswiesen, dem Hausdokter, esou d'Lydia Mutsch weider.

En 3. Thema war de sougenannte "Patient Empowerment", heescht de Patient soll méi a besser agebonne ginn, an dass en e Recht drop huet all Informatiounen ze kréien déi et gëtt. Och soll dem Patient d'Méiglechkeet gebuede ginn, op déi modernst Diagnostik zeréckzegräifen. D'Basis fir eng generell méi personaliséiert Medezin gouf jo am neie Spidolsgesetz kreéiert. Well Patienten, virun allem déi mat rare Krankheeten, dacks net wësse wou se Hëllef kréien, sollen se an Zukunft orientéiert ginn, betount d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch. An den nationalen Aktiounspläng sollen Zukunft 3 Prealabele garantéiert ginn:

AUDIO: D'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch

Den nationale Gesondheetsplang soll Enn des Joers mat de Leit vum Terrain diskutéiert an da viraussiichtlech am Fréijoer 2019 presentéiert ginn.