Cannabis soll fir medezinesch Zwecker legal ginn. Nach virum Enn vun der Legislaturperiod wëll d'Gesondheetsministesch de Gesetztext an d'Chamber bréngen.

Cannabis soll fir medezinesch Zwecker legal ginn. Nach virum Ënn vun dëser Legislaturperiod wëll d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch de Gesetztext an d'Chamber bréngen.

Dorobber hu vill Leit, dorënner zum Beispill d’Patientevertriedung, gewaart an am Januar 2017 hat sech souguer eng Associatioun fir d'Promotioun vu medezineschem Cannabis gegrënnt. Fir Cannamedica ass en neit Gesetz e Fortschrëtt, ma den Accès op dat neit Hëllefsmëttel wär ze restriktiv.

Fir medezinesch Zwecker kann Cannabis an Drëpsen, Sprayen oder esouguer Kichelcher verschafft ginn. D'Bléi vum Hanff ass villsäiteg. Am Cannabis sinn iwwer 100 Wierkstoffer. Déi zwee wichtegst: den THC, deen opmontert, d'Perceptioun verännert, an d'Péng calméiert. Kuerz: dee beniwwelt. An de CBD, deen och géint de Wéi wierkt, grad ewéi géint Entzündungen, Krämp an Angscht. Cannabis ass kee Mëttel géint alles, seet de Bob Lessel vu Cannamedica Lëtzebuerg. Ma well de Cannabis esou polyvalent ass, kann e wuel géint vill Krankheeten hëllefen.

Am US-Bundesstaat Kalifornien ass dat schonn iwwer 20 Joer gewosst. Och a Kanada an an Israel dierf d'Planz scho laang géint all méiglech Doleancen agesat ginn. D'Lëtzebuerger Regierung weist sech interesséiert awer immens virsiichteg. Fir d'éischt hunn international Etüde missen ausgewäert ginn. Ewéi déi Resultater positiv gewiescht wären, hätt d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch sech iwwerzeegen kënnen, fir de Projet op den Instanzewee ze bréngen, sot si am RTL-Interview. D’Approche vun dëser Regierung wär déi, fir de Patiente mat spezifesche Krankheeten de bescht méiglechen Accès op déi néideg Medikamenter ze ginn, esou d’Lydia Mutsch. Gemengt si Krankheeten ewéi Multipel-Sklerose, schlëmm Pathologien a Kriibskrankheeten.

Fir d'Associatioun Cannamedica kéint et net sinn, dass dës Lëscht op nëmmen e puer Krankheeten limitéiert wär. Aids, eng Krankheet, déi mat vill Péng verbonne ka sinn, géif aktuell zum Beispill net drop stoen. Iwwerdeems kéint medezinesche Cannabis och eelere Leit am Altersheem hëllefen, déi Schwieregkeete beim Aschlofen hätten. Kuerz: Cannabis kéint ville Persoune mat Doleancen e bësse Liewensqualitéit zeréckginn, betount de Bob Lessel. Cannamedica kritiséiert och de Plang vun der Regierung, dass just d'Spidolsapdikten de Cannabis dierfen erausginn. D'Gesetz soll awer e bësse méi large ewéi ufanks geplangt ginn, wat déi Persounen ugeet, déi Cannabis verschreiwen dierfen, seet d’Gesondheetsministesch.

Eng méiglech Legaliséierung, respektiv Depenaliséierung vum Cannabis fir perséinlech Zwecker ass iwwregens eng ganz aner Fro. Déi an de Parteiprogrammer fir d'Chamberswahlen awer bestëmmt eng Plaz kritt.