Den Alex Bodry huet sech e bësse schlecht ausgedréckt
Invité vun der Redaktioun war de Vizepremier a Wirtschaftsminister.
Den Alex Bodry huet sech e bësse schlecht ausgedréckt, sot um Dënschdeg de Moien den Etienne Schneider, LSAP-Spëtzekandidat, iwwer d'Ausso vum sozialistesche Fraktiounschef e Méindeg. Deen hat gemengt, de blo-rout-grénge Projet wär eriwwer.
"Kee blo-rout-grénge Projet méi" - Politiker reagéieren op d'Aussoe vum Alex Bodry.
Den Etienne Schneider, deen um Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun war, war och e bëssen erstaunt iwwer d'Ausso. Hien huet och mam Alex Bodry geschwat. Deen hätt ëm erkläert, en hätt wéilten domadder soen, datt een zesumme wollt de Reformstau opzeléisen, datt ee wollt d'Finanzen an den Equiliber bréngen. Et hätt een also - zu 3 - zesummen e Projet gehat, dat wär realiséiert ginn. Vun deem Standpunkt aus kéint ee soen, dat wär erleedegt.
Den LSAP-Spëtzekandidat leet sech also net fest. De Sondagen no géif d'Zoustëmmung fir dës Regierung zouhuelen, d'CSV géif an der Wielergonscht verléieren, dofir seet hien why not mat der 3er-Koalitioun weider fueren, wann ee re-confirméiert géif ginn an d'Gemeinsamkeeten an de Programmer do sinn. Déi grouss Parteien hei am Land kéinte mateneen. Mat der ADR kéint d'LSAP net zesumme schaffen, do wären d'Ënnerscheeder ze grouss.
Wat seng Relatioun mat deene Gréngen ugeet, géif villes iwwerbewäert ginn. Just well een op engem Dossier net eens wär, géif dat net heeschen, datt een net matenee kann, sou den LSAP-Wirtschaftsminister.
Um Dënschdeg gëtt awer och d'Policereform gestëmmt. Déi Reform war héich iwwerfälleg, sot den Etienne Schneider als zoustännege Minister. Säi Virgänger Jean-Marie Halsdorf hätt sech un där Reform schonn e bëssen d'Genéck gebrach, well se ni zu engem Enn komm ass. Wéi den Etienne Schneider Minister ginn ass, hätt een nach emol nei ugefaangen, mat engem Audit an all d'Leit déi mat wollten agebonne ginn, wiere mat agebonne ginn an déi Reform. Et muss een awer och soen, dass et an der Police Gewerkschafte ginn, Interessevertriedungen, déi Iddien hunn, déi dacks diametral opposéiert sinn, wat d'Saach net méi einfach mécht fir e Minister. Et misst een da permanent tranchéieren a wéi eng Richtung et geet. De Minister Schneider ass der Meenung, dass de Projet de Loi, deen elo gestëmmt gëtt, e gudde Projet fir d'Police ass, dee villes veränneren a verbessere wäert.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.