Drogekriminalitéit op der Stater Gare: Wat maachen?
Doriwwer hunn de Laurent Mosar (CSV) an de Franz Fayot (LSAP) en Donneschdeg de Mëtteg op Radio Lëtzebuerg an am Stream op RTL.lu geschwat. Hei de Replay!
E Bouneweger an e Garer an engem Sträitgespréich iwwer Sécherheet, dat ka gutt ginn, mee och liicht langweileg, well d'Sécherheet en Thema ass, wou ee sech, e puer Méint virun de Walen, nawell gär d'Patte ka verbrennen. Nom Policeminister Schneider, dee net wollt, konnt d'Rapportrice vum Projet de Loi iwwer d'Policereform net, an doropshi sot hire Remplaçant a Fraktiounschef Alex Bodry och "Nee Merci", well iwwer den Hotspot Gare sollt diskutéiert ginn? Well dat wierklech e Quartier ass, no deem net genuch gekuckt gouf? Dat eent oder anert Argument an eisem Face-à-Face huet sech op alle Fall ganz intressant unhéieren.
Et war u sech esou ugaange wéi geduecht - oder besser - wéi gefaart. Angscht ass negativ, Courage de Contraire, d'Garer hunn es allgemeng genuch, d'Bouneweger sinn deels am Stress, Fixerstuff, Foyer Ulysse, asw. Och si solle Kamerae kréien, well soss kënnt all Mënsch, dee sech net fräi weess, vun der Gare op déi aner Säit gepilgert. Ma Nee. Mir ginn eens, soe Fayot an Mosar a stinn domat fir Liewensqualitéit.
D'Garer virun allem hunn es genuch an och d'Reunioun iwwer d'Kameraen, déi sollen a méi Stroossen opgehaange ginn, huet se net honnertprozenteg berouegt. An dat net vir näischt, gëtt de Laurent Mosar zou. Et géing een nämlech eventuell net genuch de Leit nolauschteren.
Fäerten deet also kee vun hinnen, mee ee war um Donneschdeg méi kloer, wéi deen aneren, wat d'politesch Karriär ugeet. Also Polizisten, de Laurent Mosar war um Donneschdeg op ärer Säit a fir oppe Kommunikatioun.
