Am Face-à-face en Donneschdeg de Moie mat der DP-Deputéiert Corinne Cahen an dem Sozialist Georges Engel goung et ëm d'Ouvertureszäiten am Commerce.

D’Diskussioun géing falsch gefouert, sot d’DP-Deputéiert a Patronne vun engem Buttek Corinne Cahen en Donneschdeg de Moien am Face-à-face iwwer déi méi laang Ouvertureszäiten am Commerce. Hir vis-à-vis souz den LSAP-Deputéierten a fréieren Aarbechtsminister Georges Engel.

Et géif ëm fundamental Gerechtegkeet goen, datt jiddereen dierft sonndes op hunn an och an der Woch däerf méi laang op maachen. Elo schonn dierften dat mat Derogatiounen 80% vun de Betriber. Der Corinne Cahen no géing et ëm "däerfen" op hunn, net ëm "mussen". Si mengt och net, datt d’Geschäfter an Zukunft méi op hätten. De Minister Delles géif och just dat maachen, wat schonn 2018 am Koalitiounsaccord stoung. Déi méi laang Ëffnungszäite ginn op e Geriichtsurteel zréck, nom Motto, "d’Tankstell däerf op sinn, de klenge Bäcker awer net". Si hätt och vu Butteker, déi Liewensmëttel verkafen, héieren, datt op de Sonndeger e gudden Deel vum Ëmsaz an enger Woch gemaach géing ginn. Grandes surfacë wiere souwisou sonndes dacks gutt besicht.

De Georges Engel géif et léiwer gesinn, datt sonndes manner géif geschafft ginn. E Gesetz wär eppes anescht wéi eng Derogatioun. Et misst net alles liberaliséiert ginn. Hien hätt do eng änlech Vue wéi de Jean-Claude Juncker, datt sonndes soll entschleunegt ginn, datt ee soll erofkommen. Wann een och nach gären e Familljeliewen hätt, da sollt een op d’mannst sonndes dofir Zäit hunn. Och de Benevolat kéint dorënner leiden. Den LSAP-Politiker fäert och, datt déi kleng Geschäfter nach méi ënner Drock gerode wäerte mat de méi laangen Ouvertureszäiten. A wa sonndes geschwënn en normale Schaffdag wär, kéint geschwënn och gefrot ginn, datt kee Supplement misst bezuelt sinn, fäert de Georges Engel. Elo géif de Gesetzprojet aus dem Wirtschaftsministère do leien, dee virgesäit, dass den Handel an der Woch vu moies fënnef bis owes 22 Auer kann opmaachen a weekends vu moies fënnef bis owes 19 Auer. Den LSAP-Deputéierten ass der Meenung, dass d‘Dier elo op wär fir nach méi liberal Ouvertureszäiten.  
Aus enger Etüd vum LISER iwwer d‘Ouvertureszäite vun 2018 geet ervir, dass déi meescht Salariéen net iwwer sonndes oder owes méi laang schaffe wëllen. De Georges Engel berifft sech genee ewéi d‘Gewerkschaften dorop. Der Corinne Cahen no géif et awer wuel Leit ginn, déi gär géife sonndes schaffen, well et 70 Prozent op d‘Pai dobäi gëtt respektiv och en zousätzleche fräien Dag. Et wär ëmmer ofhängeg vun der Situatioun, an där ee wär an et kéim op d‘Kommunikatioun tëscht Chef a Salariéen am Betrib un, mengt d‘Patronne. Hire Géigeniwwer huet doropshin awer ze bedenke ginn, dass net all Patron esou guttwëlleg wär, ewéi d‘Corinne Cahen wuel. Déi huet méi ewéi eng Kéier betount, dass d‘Aarbechtsgesetzer net géifen a Fro gestallt ginn, wann dëse Projet de loi duerch d‘Chamber kéim: och an Zukunft misst kee 7 Deeg op 7 schaffen.

Face-à-face: Georges Engel (LSAP)vs. Corinne Cahen (DP)