Millioune ginn zur Fënster erausgehäit
E Mëttwoch de Moie war d'Gemengepolitik Thema an eisem Face-à-face.
Déi rezent Konflikter a verschiddene Gemengen an d’Gemengepolitik am Allgemenge waren e Mëttwoch de Moie Sujet an eisem Face-à-face tëscht dem President vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC Claude Reuter an dem President vum Gemengesyndicat Syvicol Emile Eicher.
E bessere Personal-Management
Béid Invitéë ware sech eens, datt dës Tensioune verschidden Hannergrënn hunn. D'Ufuerderungen un d'Gemengen an hiert Personal ginn ëmmer méi grouss, méi komplex a méi deier. E gewielte Politiker wier allerdéngs net onbedéngt e gudde Patron mat den néidege Kompetenzen. Eng Léisung wier, fir Formatiounen am Personal-Management unzebidden. D'FGFC géif donieft d'Iddie vun enger Zort Direkter, engem Administrateur General begréissen. De Syvicol ass do méi skeptesch. An Däitschland wier een nees fort vun deem System, well dat hätt zu ville Problemer gefouert. D'Politiker dierfte sech och net komplett aus dem Management eraushalen, missten awer besser dorobber präparéiert ginn.
Am Fong hätt een eigentlech ee ganz anere Problem, gëtt den Emile Eicher ze bedenken. D’Diversitéit vun de Gemenge wier ganz grouss. Vu klenge Gemenge mat knapp iwwer 1.000 Awunner bis bei d’Stad Lëtzebuerg. Do leie Welten dertëscht, erkläert de President vum Syvicol. Souwuel punkto Personal, wéi och Finanzméiglechkeeten. Dat géing ëmmer nees zu Diskussioune féieren.
Et brauch méi Gemengefusiounen
Grad punkto Budget wier et einfach esou, dass d’Gemengen immens vill misste stemmen an ëmmer Neies operluecht kréien. De Wuesstem ass grouss, also klëmmt de Besoin no Infrastrukturen an och d’Personalkäschten. Dofir géing de Budget bei villen och einfach net méi duergoen. Dofir plädéiert d’FGFC fir Fusiounen an zwar esou séier wéi méiglech. Et dierft een dat awer net forcéieren, gëtt den Emile Eicher ze bedenken. Dat kéint een och no a nomaachen. An enger éischter Phas zum Beispill mat méi enke Kooperatiounen. Do kéint ee gesinn, wie beienee passt a wat een alles zesumme ka maachen.
Millioune gi verschwent wéinst Konformitéitsfroen
An der Vergaangenheet huet d’FGFC schonn e puer mol Prunkbauten a verschidde Gemenge kritiséiert. Et misst een sech do grad a punkto Budget Froe stellen, fënnt de President vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal. Brauch et Maison-Relaise vun engem Star-Architekt wéi a verschiddene Muselgemengen? Oder eng Gemeng Dippech mat engem risege Centre Culturel, wou een eréischt duerno festgestallt huet, dass een dann eng Persoun brauch, déi déi geréiert?
D’FGFC géif fir eng Method tëscht Funktionalitéit a Präis plädéieren. Donieft wier et schlëmm, dass d’Gemenge misste Milliounen zur Fënster erausgeheie wéinst der Konformitéit. D’Sécherheetsbestëmmunge beim Bau sinn nämlech anerer fir den ëffentleche Secteur, wéi fir de private Secteur.
“Mir hunn effektiv ee Problem, dass mer et mat multipelen Normen ze dinn hunn”, erkläert den Emile Eicher. Et hätt een zwar elo eng Fusioun tëscht der ITM an der Sécurité de la fonction publique gemaach, mä et hätt nach ëmmer zwou verschidden Normen an d’Gemenge wéissten net, wéi eng se missten applizéieren. Dat géing d’Planung méi komplizéiert maachen an dann doduerch méi Geld kaschten. Do wier den Aarbechtsministère gefuerdert an do hätt hien och schonn Drock bei sengem Parteikolleeg Georges Mischo gemaach, erkläert den Emile Eicher.
Wat d’Prunkbauten ugeet, erkläert den Emile Eicher, dass vill Gemenge scho struewelen, fir hire Leit iwwerhaapt mol déi néideg Infrastrukturen zur Verfügungen ze stellen. Et géing vill Geld a Schoulen,Maison Relaisen, Crèchen, Kläranlagen a Waasserversuergung goen. Mä och do hätt een Nohuelbedarf. D’Bevëlkerung géing méi séier wuessen, wéi d’Gemenge géingen nokommen.
Kritik un der Ëmsetzung vum Gehälteraccord
Kritik gouf et nach vu Syvicol, dass si net bei de Verhandlungen iwwert de Gehälteraccord an der fonction publique mat um Dësch souzen. Doduerch géing et all Kéier Problemer bei der Ëmsetzung ginn. Lescht Woch gouf een neien Accord presentéiert, mä aktuell wier een ëmmer nach derbäi Reglementer aus där viregter Lounverhandlung ëmzesetzen, erkläert de President vum Syvicol.
Den FGFC-President begréisst donieft dass eng "Comission Centrale Plus" elo geschaaft gouf, fir d’Gemenge méi no un de Staat ze bréngen. Dat wier wichteg, sou de Claude Reuter.