Chronesch Krankheeten an hir Suitten
Et ginn ëmmer méi Leit op der Welt an a Lëtzebuerg, déi mat chronesche Krankheete geplot sinn.
Konkret Chifferen zu Lëtzebuerg ginn et keng, et gëtt awer geschat, datt eng 2.000 Mënschen hei am Land betraff sinn. A Péng-Therapie-Zentre géife bei eis nach an de Kannerschong stiechen. De Christophe Hochard huet eng betraffe Persoun kennegeléiert.
Zanter iwwer 10 Joer huet d'Denise Buccarelli eng Algo-Neuro-Dystrophie, dëst ass eng Knachekrankheet. Ugefaangen huet et 2005, ausgeléist duerch Ëmknécken.
Deemools war d'Denise 42 Joer al. Betraff ass hiert lénkst Been. Eng permanent Péng an de Muskelen an an de Schanke begleede si duerch den Alldag.
D'Mamm vun 3 Kanner huet misse mat vill Gedold léieren, dës Krankheet ze acceptéieren. E laangen a schwierege Prozess.
Bis 2011 huet d'Denise Buccarelli nach mat vill Begeeschterung Schoul gehalen. Si war Spillschoulsjoffer zu Éilereng. Zum Schluss ass si souguer nach mat Krätschen oder am Rollstull an d'Klass schaffe gaangen. Mëttlerweil packt si den Alldag net méi ouni Morphium.
Mat vill Courage a mat Hëllef vun der Famill meeschtert d'Denise Buccarelli hiert Liewen. An hiren Ae feelt et hei zu Lëtzebuerg virun allem u stationäre Péng-Therapie-Zentren.