Den éischten Hackathon zu Lëtzebuerg
En huet 24 Stonne gedauert an d’Ziel vum CNA war et, wärend där Zäit dausende vun Archivdokumenter online ze sätzen.
De CNA huet zesumme mam Technoport den éischten Hackathon zu Lëtzebuerg organiséiert. En huet 24 Stonne gedauert an d’Zil vum CNA war et, wärend där Zäit eng Abberzuel un Archivdokumenter online ze setzen.
Eng Radiossendung vum 21. September 1998, Archivbiller vun RTL aus de 50er a 60er Joren, Fotoe vu Fëscher a vun der Lëtzebuerger Natur. Dëst an nach villes méi war Material, mat deem d’Leit um Heritage Hack schaffe konnten. Ma den Accès war awer net limitéiert op déi di beim Event dobäi waren, jidderee konnt online op d’Material zougräifen. D’Zil vum CNA ass et de kulturelle Patrimoine méi zougänglech ze gestalten.
Den Heritage Hack bitt esou eng innovativ Manéier un fir un des Dokumenter ze kommen. D’Leit konnten also d’Material eroflueden an domat schaffen a kreativ ginn.