Generaliséierten Tiers payant als Top-Prioritéit
Am Gesondheetsberäich ass et eng vun der grousse Ukënnegungen: den Tiers payant gëtt bei den Doktere verallgemengert.
D’Patienten wäerten an noer Zukunft just nach hir Participatioun bezuelen an net méi déi ganz Rechnung virstrecke mussen.
Den Tiers payant fir all d'Patiente steet ganz uewen op der Prioritéitelëscht, seet de Ministère vun der Sécurité sociale op Nofro hin. An enger éischt Phas gëtt de System op enger volontairer Basis bei den Dokteren opgebaut an da bei allen Dokteren ausgewäit.
Bei de Kinéen a Laboe funktionéiert haut schonns e Modell vum Tiers payant. 98 Prozent vun de Rechnunge ginn doriwwer bezuelt, esou datt de Patient net déi ganz Zomm virstrecke muss, mee d’Gesondheetskeess direkt opkënnt. Hei ginn all d’Rechnungen informatesch gesammelt an un d’CNS weidergeschéckt.
Bei den Doktere wëll d’Regierung awer en neie System aféiere mat enger Kaart fir all Patient. Dës Kaart wier mat engem eenheetlechen informatesche System an all Praxis verbonnen.
Wéi dat Ganzt oflafe kéint, huet de Premierminister Xavier Bettel virun e puer Deeg an der Chamber erkläert: "Eng Méiglechkeet, déi ënnersicht gëtt, ass, dass de Patient soll an Zukunft kënne mat enger Kaart den Dokter bezuelen, wou den Dokter dann den integrale Montant vun der Consultatioun kritt an de Patient just säin Deel debitéiert kritt. Dann ass et eriwwer mam Eraschécken a waarden an et bréngt och mat sech, dass den Dokter net muss méintlaang op e Bezuele vun der CNS waarden. Et ass dat och eng richteg Mesure am Sënn vun der Simplification administrative."
Dat soll fir all d’Acteuren aus dem Secteur eng immens Vereinfachung sinn. Ëmmerhin: D’CNS kritt all Dag am Schnëtt 15.000 Rechnunge vun Assuréen erageschéckt. Dës wëll een an Zukunft séier elektronesch erfaassen an direkt verschaffen.
E puer Defien
Eng Erausfuerderung ass den techneschen Aspekt. An all Praxis muss en eenheetlechen Informatiksystem installéiert ginn. An dat bei de ronn 2.000 Dokteren, déi zu Lëtzebuerg praktizéieren.
Weider kritt all Assurée eng Kaart. Dat sinn d'Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen, plus Frontalieren a Familljememberen, déi matverséchert sinn. Also alles an allem 880.000 Persounen.
An da gëllt et sécherzestellen, datt Doktere séier hir Sue kréien. Aus dem Joresrapport vun der CNS geet ervir: 2016 huet d’Gesondheetskeess 362 Milliounen opbruecht fir Dokterhonorarer, woubäi déi vun den Zänndokteren hei net mat dra sinn. Vill Geld also, dat een zäitno muss verwalten.
Wien de System ausschafft an ëmsetzt ass iwwregens nach net beschloss, heescht et aus dem Ministère. Datt d’Agence "eSanté" den Optrag kritt, wier eng Méiglechkeet.
Wat d'Doktere besuergt
D'Doktere weise beim Thema generaliséierten Tiers payant op de Respekt vun hirer "liberté thérapeutique" hin. Spréch, si wëllen net Quoten oder soss Aschränkungen iwwert d’Hannerdier operluecht kréien. "Do ginn et Erfarungen aus dem Ausland, déi ofschrecken", soen Dokteren.
U sech wëlle sech d’Dokteren den Ännerungen net verschléissen. Mee si wëlle Garantien, datt si net bestrooft ginn, seet och den Dr. Nico Haas. Falls e Patient fir déi selwecht Beschwerden e puer Dokteren opsicht, soll et keng Sanktioune fir de Medeziner ginn, deen déi zweet oder drëtt Consultatioun mécht.
Fir d’Regierung, déi vill op Digitaliséierung setzt, ass et d’Geleeënheet, dem Usproch vun engem moderne Land gerecht ze ginn. D'Ëmsetzung vum generaliséierten Tiers payant bei den Dokteren ass och eng Fro vu politescher Credibilitéit.