Am Ausland gëtt et ähnlech Problemer, zum Beispill an der Belsch an an Däitschland ass och näischt méi do.

Eng ze grouss Nofro a limitéiert Produktiounsmoyene bei den Hiersteller si schold. Dat hat d'Wort e Mëttwoch gemellt.

AUDIO: Vaccinen: Reportage Pit Everling

Zu Lëtzebuerg kann ee sech den Ament net géint d'Grippe impfe loossen. Et gëtt keng Vaccine méi, dat huet den Dokter Jean-Claude Schmit, Chef vun der Santé, confirméiert.

AUDIO: Den Dokter Jean-Claude Schmit, Chef vun der Santé

Am Ausland gëtt et ähnlech Problemer, zum Beispill an der Belsch an an Däitschland ass och näischt méi do.

Eng Méiglechkeet fir d'nächst Joer wier déi, fir méi ze bestellen. Ma well een awer schwéier ka viraussoen, wéi vill Leit dovu géinge profitéieren, géing ee riskéieren, vill Impfstoffer mussen ewechzegeheien, esou nach de Chef vun der Direction de la Santé.

Zu den éischten Enkpäss wier et schonns Ufank November komm, antëscht wier de Stock vun 73.000 Dosen opgebraucht.

Zanter zwee Joer liwweren iwwregens just nach zwee Produzenten op Lëtzebuerg a fir de Wanter 2019/2020 wier et mat Glaxo-Smith-Kline just nach een Eenzegen, heescht et weider am Wort.