CLC skeptesch, ULC optimistesch
CLC an ULC hu ganz ënnerschiddlech op d'Sammeklo-Annonce vun der neier Konsumenteschutz-Ministesch Paulette Lenert reagéiert.
D'Méiglechkeet vun enger Sammelklo soll kuerzfristeg hei am Land agefouert ginn. Dat sot déi nei Konsumenteschutz-Ministesch Paulette Lenert um Dënschdeg de Moien. Si war eis Invitée vun der Redaktioun.
RTL NEWS: Invité vun der Redaktioun (8. Januar) - Paulette Lenert
Skepsis bei der CLC
Den Direkter vun der Confédération luxembourgeoise de commerce Nicolas Henckes ass bei de Sammelkloe ganz skeptesch a warnt viru Risken. An deem Dossier sollt näischt iwwer de Knéi gebrach ginn an et sollt keng reng Lëtzebuerger Léisung kommen. Et wier en immens komplexe Sujet a virun allem een, dee just op europäeschem Niveau sollt geléist ginn, seet den Nicolas Henckes. Wat der CLC Angscht mécht, ass, wann d'Regierung séier en Alleingang mécht.
Et wier gutt fir net just mam Konsument, mä och mam Patron ze schwätzen, well och op där Säit géifen et Suerge ginn. Verschidde Secteuren hu verschidde Problematiken. Eng séier Ëmsetzung wier deemno net wënschenswäert.
Eng grouss Angscht ass zum Beispill déi, datt eng Well u Plaintë vu bausse kënnt. Wann een zu Lëtzebuerg eng Gesetzgebung huet, déi immens favorabel wier fir Konsumenten. Wann da verschidden Konsumente aus anere Länner hei am Land wëlle Forum-Shopping maachen an d'Betriber dann usichen, dat wier net gutt.
Da missten och eng Rei rechtlech Aspekter gekläert ginn, zum Beispill misst sécher gestallt sinn, datt d'Présomption d'innocence vun de Betriber ka geschützt ginn.
Et hofft een, datt net just mat der ULC geschwat gëtt, mä och mam Patronat, esou nach den Nicolas Henckes. Bei der CLC géif een op alle Fall nach drop waarden, fir vun der neier Ministesch kontaktéiert ze ginn, bis ewell wier dat nach net geschitt.
Optimismus bei der ULC
D'ULC soll ee vun de privilegéierte Partner ginn, fir éischt Gespréicher. Dat sot d’Paulette Lenert en Dënschdeg de Moien als Invitée vun der Redaktioun. De Konsumenteschutz seet sech natierlech frou doriwwer, datt een eegestännege Ministère fir de Schutz vun de Verbraucher kreéiert gouf. An och d’Annonce, datt Sammelkloe kuerzfristeg sollen agefouert ginn, begréisst den Nico Hoffmann, President vum Konsumenteschutz. Laang huet d'ULC drop gewaart, datt ee Minister prett ass op de Wee vun de Sammelkloen ze goen. Elo solle se nach an dëser Legislaturperiod ëmgesat ginn. Hei géifen d’Rechter vun de Verbraucher gestäerkt ginn, si manner séier vun Entreprisen iwwert den Dësch gezu ginn. Op d’Ängscht vum Patronat ugeschwat, huet den Nico Hoffmann President vun der ULC gemengt, datt een elo misst ofwaarden, wéi d’Annonce an d’Realitéit ëmgesat gëtt.
Datt et an Zukunft Trend kéint ginn Sammelkloen ze deposéieren, wann d’Mesure bis Realitéit gëtt, dovunner geet de Nico Hoffmann net aus. Et hätt een en Dossier lafen an do géif ee gesinn, dass zum Beispill de VW-Dieselgate ubelaangt, déi 4 Leit eenzel musse kloen. Dat kascht Zäit, Geld a vill Nerven. Hei kéint een effektiv eng Sammelklo agereecht ginn.
Op eng Léisung op europäeschem Niveau ugeschwat, erkläert de President vum Konsumenteschutz, datt een net kéint waarden bis op deem Niveau eppes geschitt. Et ass eng Proposition de directive op europäecshem Niveau preparéiert, dat geet op den Instanzewee. Wat een awer u sech verlaangt, ass, dass een net esou laang muss waarden, schliisslech sinn ma Mee jo och nach Europawalen. Dat riskéiert ze daueren.
Iwwert d’Kreatioun vun engem Konsumenteschutzministere, ka sech d’ULC nëmmen zefridde weisen. Hei géif d’Gewiichtung an d’Visibilitéit fir de Konsumenteschutz gestäerkt ginn. An et géif een net méi als Unhängsel vun engem anere Ministère ugesi ginn.