Bei Verkéierskontroll opgeflunn
Zwee Chaufferen ouni Fürerschäin hu versicht, Alkohol ze schmuggelen
E Mëttwochmoien hat d'Police an der Baaschtnecher Strooss zu Ettelbréck eng Kontroll gemaach.
Dobäi hunn d'Beamten zwee Gefierer gestoppt, déi däitlech iwwerluede waren. Bei der Kontroll huet sech ausserdeem erausgestallt, dass kee vun deenen zwee Chaufferen e valabele Fürerschäin hat. Dofir hate béid Gefierer awer jeeweils 125 Këschte mat Alkoholfläsche gelueden. Éischten Erkenntnisser no waren déi zwee Chauffere mat hire Luedungen an Direktioun Belsch ënnerwee.
D'Douane gouf iwwer den Tëschefall informéiert an den Alkohol gouf saiséiert. D'Fueren ouni Fürerschäi gouf protokolléiert.
Am meeschte gelies