Bei der Gesondheetskeess gëtt et e Fall vu Suen, déi verontreit goufen. Verschidde Medie schwätze vun 2 Milliounen Euro, oder esouguer méi.

AUDIO: Fraude bei der CNS / Reportage Nadine Gautier

Den Essentiel schwätzt vun 2 Milliounen €.

Déi lescht Woch ass dee Fall vun Detournement opgeflunn - doropshi goufen direkt zwee concernéiert Agenten vun der CNS vun hire Chargen entbonnen.

Wéi d'CNS zesumme mam Ministère vun der sozialer Sécherheet matdeelen, goufen bannent der CNS direkt all intern, legal a juristesch Demarchen ënnerholl an eng Plainte géint déi 2 Leit gouf deponéiert.

Um Méindeg koum duerfir och de Verwaltungsrot vun der CNS ënnert der Presidence vum Christian Oberlé beieneen, fir iwwert d'Faiten z'informéieren - um Dënschdeg ginn och d'Membere vun der zoustänneger Chamberkommissioun informéiert.

Weider Detailer - iwwert d'Aart a Weis vum Detournement oder iwwert d'Héicht vum Schued - goufen net publizéiert - wéi et heescht soll domat d'Enquête net behënnert ginn.

Virun den Deputéierten huet de Sozialminister Romain Schneider en Dënschdeg de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun weider Informatiounen iwwert dëse Fall ginn. No där Entrevue hunn d'Deputéiert gesot, datt sech de Bedruch soll iwwer 10 Joer laang gezunn hunn. De Romain Schneider wollt dat awer net virun der Press confirméieren. Och d'Héicht vun der Zomm - an der Press war vun zwou Millioune rieds gaangen - gouf vum Minister net confirméiert.

Wéi et vum Minister weider geheescht huet, sollen déi zwou Persounen iwwer Joren auslännesch Ordonnancë gefälscht hunn. Et wieren awer och vereenzelt national Ordonnancë gefälscht ginn, Assuréë wieren awer keng zu Schued komm. Elo géifen d'intern Kontrollmechanisme bei der CNS gepréift ginn, dës Charge soll d'IGSS iwwerhuelen.

Net präziséiert gouf en Dënschdeg de Moien, ob déi zwou Persounen, déi d'Sue verontreit hunn, e Lien mateneen haten, respektiv zesummen agéiert hunn.

Méi wéi 2 Milliounen Euro?

Déi zwou Mataarbechterinne vun der CNS, déi Fraude reprochéiert kréien, sollen net nëmmen 2 Milliounen Euro detournéiert hunn, mee nach méi, schreift um Mëttwoch de Quotidien. An der franséischsproocheger Zeitung gëtt präziséiert, datt der enger Fra reprochéiert géif ginn, 2 Milliounen Euro detournéiert ze hunn. Déi Fra soll scho 25 Joer laang bei der CNS schaffen. Déi zweete soll op d'mannst 50.000 Euro illegal ofgeknäppt hunn. Engem weidere Mataarbechter wier duerch d'Zoufall de Bedruch opgefall, well hien an der Kopiesmaschinn een Dokument fonnt hat, wou mat Tippex drop geschafft gi war. Wéi d'Zeitung weider schreift, hätt d'Gesondheetskeess virun den Archiver vun der CNS elo ee Sécherheetsbeamten higestallt. D'Sich no weidere Fraude wier op vollen Touren.

Hei d'Schreiwes

Plainte déposée contre deux agents de la CNS pour comportement frauduleuxCommuniqué par: Ministère de la Sécurité sociale / Caisse nationale de santé

La Caisse nationale de santé (CNS) a constaté la semaine passée qu'au sein de son administration des fonds ont été détournés par deux agents de la CNS.

Les agents concernés ont été immédiatement dispensés de leur service et la CNS a entrepris toutes les démarches internes, légales et juridiques nécessaires dès la connaissance des faits. Ainsi, une plainte a été déposée et les autorités judiciaires ont été saisies.

Le président de la CNS, Christian Oberlé, a convoqué une réunion extraordinaire du conseil d'administration de la CNS, qui a eu lieu ce lundi 4 février 2019 en fin d'après-midi, pour informer les membres des faits.

Le ministre de la Sécurité sociale, Romain Schneider, informera les membres de la commission parlementaire du Travail, de l'Emploi et de la Sécurité sociale des faits lors d'une séance de la commission le mardi 5 février 2019.

A ce stade, il n'est pas possible de fournir plus d'éléments pour ne pas entraver l'enquête.