Den Etienne Schneider hätt eng falsch Beuerteelung gemaach an eng Fra fir d'Auswalprüfung, fir d'Basisformatioun vum Policeinspekter missen zouloossen.

AUDIO: Viregte Policeminister kritt Onrecht / Rep. Eric Ewald

"Den Tribunal administratif gesäit de Recours als justifizéiert un an annuléiert deemno eng Decisioun vum Minister fir bannenzeg Sécherheet vum Juli." Sou steet et an engem Uerteel vum Verwaltungsgeriicht zu engem juristesche Sträit tëscht enger Fra an dem Etienne Schneider.

Deen hat hir net erlaabt, fir bei der Auswalprüfung fir d'Zouloossen zur Basisformatioun vum Policeinspekter matzemaachen. De Minister hat dee Refus domat begrënnt, d'Fra géif, engem Avis vum Generaldirekter vun der Police no, d'Konditiounen, fir d'Policeausbildung unzefänken, net erfëllen.

An dat, well si am Februar 2017 mat 70 km/h duerch eng Uertschaft gefuer war. Bei hirer Kontroll war och festgestallt ginn, dass si kee Zertifikat vum Contrôle technique hat a keng Steiervignette; dofir kéint si net un där Épreuve de sélection deelhuelen. Am August war d'Fra dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.

Deem seng 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass am entspriechende Règlement grand-ducal vun 2007 steet, d'Kandidate missten, Zitat, "offrir les garanties de moralité requises"; de Police-Generaldirekter géif en Avis dozou verfaassen. Et wär deemno ze kucken, ob de Minister op Grond vun deem Avis feststelle konnt, dass d'Fra d'Konditiounen net erfëllt, fir zur Auswalprüfung zougelooss ze ginn, woubäi deen Avis net bindend wär; dat heescht, de Minister géif och nom Verfaasse vun deem Avis säi Pouvoir d’appréciation behalen. D'Notioun vu Moralitéit géif eng global Aschätzung vun de Qualitéite vun engem Examenskandidat no sech zéien.

D'Fra mam eidele Casier hätt d'Reprochen, an enger Uertschaft 20 km/h ze séier gefuer ze sinn, kee valabele Certificat vum Contrôle technique a keng valabel Steiervignette gehat ze hunn, net bestridden. Och wann d'Verhale vun der Fra op eng gewëss Liichtsënnegkeet schléisse léisst, wären all d'administrativ Demarchë fir d'Regularisatioun vum Auto um Dag no der Kontroll gemaach ginn; den Agenten, déi d'Kontroll duerchgefouert haten, hätt si bewisen, dass si d'Steiere bezuelt an d'technesch Kontroll den Auto fir den Trafic fräiginn hätt.

Well et keng aner Kritike gëtt, wat d'Verhale vun der Fra ugeet, a well d'ëffentlech Uerdnung net vill geschiedegt gouf, géifen d'Feststellunge vum Februar 2017 net duergoen, fir hir moralesch Qualitéiten a Fro ze stellen. De Minister hätt deemno e klore Beuerteelungsfeeler gemaach, deen z'annuléiere wär, sou d'Verwaltungsriichter.