An de nächste Jore soll op den 11 Hektar e ganz neie Quartier an der Minettmetropol entstoen. En Donneschdeg gouf e virgestallt.
Bis virun 42 Joer huet déi fréier Arbed op der rouder Lëns zu Esch Eisenäerz verschafft. Zanterhier läit de Site brooch.
Eng privat Immobilière huet den Terrain opkaaft a wëll an den nächste Joren op den 11 Hektar e ganz neie Quartier an der Minettmetropol entstoe loossen.
En Donneschdeg gouf de Projet presentéiert an e participative Prozess fir d Bierger lancéiert.
De Buedem wier staark polluéiert. Enn des Joers soll d Rekonversioun vum Site ufänken, d'Aarbechten dauere knapp 2 Joer, duerno kann ugefaange gi mat bauen.
E puer 100 Milliounen Euro sollen investéiert ginn, genee Chiffere gouf een awer nach keng gewuer.