Gebuerten, Mariagen a Stierffäll

Ronn 45% vun den Erwuessenen si célibataire. D'Fraen hu bei hirem éischten Accouchement an der Moyenne 31,4 Joer.
D'Zuel vun den Hochzäiten ass réckleefeg an de Mortalitéitstaux läit an der Moyenne bei 7%.
Dat alles geet aus aus dem demografeschen Atlas vum Statec ervir.
43% vun de Leit iwwer 18 si bestuet oder gepacst. Persounen déi gescheet oder getrennt si maache knapp 7% aus, Wittleit 4,6%.
Déi meeschte Célibatairën, also Leit déi nach ni bestuet waren, liewen um Territoire vun der Gemeng Lëtzebuerg, hei ass dëse Grupp mat bal 52% majoritär, duerno kommen Esch an Déifferdeng.
An där Lëscht fanne mer dann och eng Rei Nordgemengen. Bestueten a gepacste Leit där fënnt een am meeschten an de Gemenge Garnech, Nidderaanwen.Déi meeschte Wittleit liewen iwwerdeems an der Gemeng Munneref.
D'Gebuerten da sinn zënter e puer Jore stabel. Tëscht 2013 an 2017 goufe pro Joer an der Moyenne 6'105 Bëbeeë gebuer.
Pro Gemeng gekuckt goufen der am meeschten an der Stad ugemellt, déi mannst an der Gemeng Sëll.
Den Taux de natalité läit op nationalem Plang bei 10,7 Gebuerten op 1.000 Awunner.
Dësen Taux ass am niddregsten am Westen an Oste vum Land.
Vun de gutt 30'000 Kanner déi an de genannte Joren op d'Welt komme ware knapp 60% vun hiren Eltere bestuet, d'Tendenz weist do no ënnen.
Tëscht 2013 an 2017 haten d'Frae beim éischten Accouchement 31,4 Joer. Am Verglach, ganz am Ufank vum Joerdausend ware mer do nach bei 28 Joer.
An der Gemeng Wolz hat d'Mamm bei der Gebuert an der Moyenne gutt 29 Joer, zu Nidderaanwen dogéint bal 34.
1950 goufen et nach 2580 Mariagen d'Joer, 2017 waren et der trotz dem staarke Populatiounswuesstem just nach 1866.
Den Taux de nuptialité war an de Joren 2013 bis 2017 an der Moyenne am nidderegsten an de Gemenge Recken, Walfer an Duelem. Zu Sëll, Géisdref a Groussbus gouf sech verhältnisméisseg am meeschte bestuet
An de genannte Joren haten d'Männer an der Moyenne 37 Joer wéi se bestuet goufen, d'Fraen 33,9 Joer.
Wat nach opfält ass datt den Duerchschnëttsalter bei der Hochzäit an de groussen a mëttlere Stied méi niddereg ass wéi d'national Moyenne.
Eriwwer bei d'Mortalitéit: 2017 sinn zu Lëtzebuerg 4263 Leit gestuerwen. Den nationale Mortalitéitstaux louch bei 7%. En Taux dee méi héich ass an de Gemenge wou d'Zuel vun den eelere Leit méi grouss ass, wéi Veianen, Réimech, Iechternach, Ierpeldeng/Sauer a Munneref.
D'Präsenz vun Altersheemer huet hei en Impakt.
Zu Veianen war den Taux an de Joren 2013 bis 2017 am héchsten, mat 14,9%. An der Gemeng Helperknapp war dëse mat 1,7% am nidderegsten.
Serie Statec Deel 1: Lëtzebuerg ass dat Land an Europa, dat am meeschte wiisst
Serie Statec Deel 2: Zu Lëtzebuerg gëtt et méi Männer wéi Fraen
Serie Statec Deel 3: Bal d'Hallschent vun den Awunner hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit
Serie Statec Deel 4: Wéi eng Communautéite sinn zu Lëtzebuerg am stäerkste vertrueden?