Fra am Gesiicht getraffJeeër wéinst Juegdaccident zu Fenteng viru Geriicht

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg an e Mëttwoch gëtt sech um Stater Geriicht mam Juegdaccident vu Fenteng aus dem September 2016 befaasst.
Jeeër wéinst Juegdaccident zu Fenteng viru Geriicht
En Dënschdeg an e Mëttwoch gëtt sech um Stater Geriicht mam Juegdaccident vu Fenteng aus dem September 2016 befaasst.

Ugeklot ass e Jeeër vun 51 Joer: Him gëtt virgehäit, virun zwee an engem hallwe Joer enger Fra vun haut 50 Joer ongewollt eng Kugel an d’Gesiicht geschoss ze hunn. Zum Zäitpunkt vum Virfall war nobäi eng Juegd am Gaang. Bal 600 Meter ewech souze 5 Leit op der Terrass vun engem Appartement. Op eemol huet eng Fra do um rietse Bak geblutt.

Juegdaccident vu Fenteng / Reportage Eric Ewald

“Ech hunn eppes héiere piipsen, et ass mer schwaarz gi virun Aen, ech wousst net, wat geschitt war”. Dat sot d’Affer en Dënschdeg de Moien. Hir Kollegen hätten d’Schëss héiere gehat a si dono wakereg gehalen, bis Ambulancieren an en Dokter koumen. Een Ambulancier hätt d’Kugel an der Wonn gesinn, sou d’Fra, déi eng Rëtsch Operatiounen hannert sech huet a riets nach net knae kann. Si wär sech zwar bewosst, dass den Ugekloten dat net express gemaach hätt, mä si kéint net méi an e Bësch goen.

Um Ufank vun der Sëtzung huet de Rechtsmedeziner erkläert, d’Fra wär aus enger Distanz vu ronn 570 Meter an d’Gebéck getraff ginn. Si gouf fir d’éischt an de CHL an dunn an eng spezialiséiert Klinik an d’Belsch bruecht. Et hätt keng Liewensgefor bestanen, well déi Regioun vum Gesiicht getraff gouf, wat bei engem Aschlag am Kapp oder am Hals anescht gewiescht wär. D’Fra hätt awer 5 an en hallwe Mount net schaffe kënnen.

Deemoleg Polizisten a Beamte vun der Police judiciaire soten aus, dass ee kuerz no de Schëss 5 Jeeër begéint wär, vun deenen der 3 op e Wëllschwäi geschoss haten. Nodeems d’Projektil erausoperéiert a saiséiert gouf, wär kloer gewiescht, dass just eng Waff a Fro koum. 4 Schëss op d’Schwäi wäre laanschtgaangen, dorënner der zwee vum Ugekloten.

En anere Jeeër huet betount, hien hätt gesot opzepassen, well den Terrain flaach wär. Jidderee géif d’Reegele kennen, ënner anerem déi, net iwwert den Horizont ze schéissen. Hien hätt geduecht, d’Schwäi wär getraff ginn, bis hien d’Police um Parking gesinn huet. Den Ugekloten huet en Dënschdeg zouginn, geschoss ze hunn: Eng Kugel hätt de Buedem beréiert, hien hätt et stëbse gesinn, mä wat dono geschitt wär, wéisst hien net. Et géif him awer leed doen. Dëse Prozess soll e Mëttwoch op en Enn kommen.

Back to Top
CIM LOGO