De Policeminister François Bausch an de Policegeneraldirekter Philippe Schrantz hunn en Dënschdeg op déi ganz uerg Reprochë vun der Gewerkschaft reagéiert.

Op der Generalversammlung vun der Policegewerkschaft e Méindeg den Owend zu Walfer gouf op verbalem Plang schaarf géint d'Politik an d'Direktioun geschoss. Vu "Beräicherung" goung rieds a vu Personalmanktem.

Datt een d'lescht Joer net genuch hätt kënne rekrutéieren, dat huet de Policegeneraldirekter Philippe Schrantz en Dënschdeg den Owend zouginn, genee wéi de Minister virun him huet hien awer ze bedenke ginn, datt verschidden Aussoe vun der Gewerkschaft dem Image vun der Police schiedege géingen a sécher net dozou géint bäidroen, datt sech méi Leit fir de Beruff vum Polizist géifen interesséieren ...

Wat d'Aussoe vun der Beräicherung ugeet, huet de Philippe Schrantz vun enger "mënschlecher Enttäuschung" geschwat. Hien huet d'Äusserunge vun der SNPGL bedauert, huet de Reproche, datt ee sech net un d'Gesetz géif halen, als "béisaarteg Ënnerstellungen" bezeechent a wollt sech net op eng weider Polemik aloossen. Hie wier net nodroend a seng Dier stéing op alle Fall ëmmer op.

VIDEO: No den SNPGL-Virwërf: Police-Generaldirekter reagéiert
De Philippe Schrantz war en Dënschdeg den Owend den Invité am Studio vun der Tëlee, fir op d'Reproche vun der Policegewerkschaft ze reagéieren.

Wat sot d'SNPGL op hirer AG?

De François Bausch, den Etienne Schneider an d'Policedirektioun: Dat waren d'Ziler vun der Kritik op der Generalversammlung vun der Policegewerkschaft e Méindeg den Owend zu Walfer.

AUDIO: Generalversammlung Policegewerkschaft - Reportage E. Ewald

De grénge Minister fir bannenzeg Sécherheet war guer net bis dohi komm, an et haten och nëmmen eng hallef Dosen Deputéiert de Wee an de Centre Prince Henri fonnt. An zesummen 105 Minutte Ried huet sech den SNPGL-President Pascal Ricquier virun allem mat de Sujete Policereform an Zäitspuerkonte befaasst.

Bei der Policereform wär et ëm Geld a Muecht gaangen, huet de Chef vun der Policegewerkschaft gemengt. D'Spëtzt hätt sech finanziell zerwéiert, géif sech awer net un d'Gesetzer halen, e Kritikpunkt, dee méi spéit nach emol erëmkoum. D'Generalinspektioun vun der Police sollt dann och net nëmmen d'Feeler vun deene Klengen analyséieren, mä och déi vun deenen Décken, sou de Pascal Ricquier. Fir deen den, Zitat, „onprofessionelle Management“, spréch d'Direktioun, d'Police zum Kollaps brénge géif. Verschidde Leit wiere sech dat nach net bewosst, d'Polizisten hätten es déck genuch a géifen déi Spillercher net méi matspillen. Et kéim ënner anerem zu Iwwerstonne vu Beamten, well d'Manager näischt hikriten, sot den SNPGL-President, dee sech och um Justizminister Felix Braz geriwwen huet, am Zesummenhank mam Transport vu Prisonéier, dee vu Giischtercher hätt sollen iwwerholl ginn. De Minister Etienne Schneider, de Police-Generaldirekter, d'Kollege Giischtercher wieren domadder averstane gewiescht a wollten dat esouguer.... mä de Minister Felix Braz wier stur bliwwen a wollt dat net. De Pascal Ricquier hofft dann, dass de Minister Braz eng Léisung fënnt, fir aus dëser Situatioun eraus ze kommen.

© RTL Archivbild

Schlëmm wär awer virun allem, dass d'Police, déi d'Bierger kontrolléiert, ob déi sech un d'Gesetzer halen, dat selwer net maache géif. Dofir war et den Appell un de Minister Bausch, sech ëm d'Police ze këmmeren, an der Generaldirektioun en Uerder ze ginn, si solle sech un déi national Gesetzer halen.

Wat d'Zäitspuerkonten, respektiv d'Aarbechtszäitreegelung ugeet, misste Polizisten alt duebel Schichte maachen. Dem Minister Bausch no wär dee Problem awer intern ze reegelen.

Pascal Ricquier: Wa sech erausstellt, dass wëssentlech géint Gesetzer verstouss gëtt, an doduerch aner Leit a Gefor waren oder sinn, mussen déi Responsabel an Zukunft oftrieden.

Ënner anerem well déi maximal Aarbechtszäiten a Mindestrouzäiten net agehale ginn, geet d'nächst Woch e Schreiwes vun der Policegewerkschaft un d'EU-Kommissioun, huet de Pascal Ricquier ugekënnegt.

Inakzeptabel fënnt de François Bausch d'Aussoe vun SNPGL

Inakzeptabel. Esou beschreift de Policeminister François Bausch d’Aussoe vum SNPGL-President Pascal Ricquier. Deen huet jo e Méindeg op der Generalversammlung vun der Policegewerkschaft d’Generaldirektioun vun der Police ferme kritiséiert an ënnert anerem behaapt, d’Spëtzt hätt sech bei der Policereform finanziell zerwéiert. De François Bausch wëll d’Diskussiounen net esou weider féieren, seet hien op Nofro hin. Nach si seng Dieren op, awer ënnert der Konditioun, datt ee fair mateneen ëmgeet.

AUDIO: Reaktioun François Bausch - Reportage Nadine Gautier

D’Policegewerkschaft SNPGL huet iwwert d’Zil erausgeschoss, seet de Policeminister François Bausch, nom Optrëtt vum Pascal Ricquier op der Generalversammlung vum Syndikat. Hei wieren nämlech Leit perséinlech attackéiert ginn.

"An dat akzeptéieren ech net. Ech mengen, all normale Polizist ass frou, wann ech als Minister mech hannert e stellen, fir déi Aarbecht, déi e mécht. An hei stellen ech mech ganz kloer hannert déi Leit déi an där Direktioun schaffen. Dat dote geet wierklech net méi." 

An engem Gespréich mat der SNPGL, dat deemnächst ustoe géif, géif hien de Gewerkschaftler ze verstoe ginn, datt een net op esou ee Wee géif matgoen. Et géifen hei jo net nëmme Leit aggresséiert ginn, mä den Image vun der Police géif ënnert esou Aussoe leiden.

"Mä natierlech muss ee wëssen, jidder’een deen do schafft, ass een Ambassadeur fir dee Betrib a fir déi Verwaltung. A wann natierlech dann d‘Ambassadeure selwer esou ee Bild ofginn, da kréie mir et an Zukunft net méi einfach fir Leit anzestellen."

Esouwuel d’Regierung wéi och d’Policedirektioun wiere gewëllt, nei Polizisten ze rekrutéieren. Et wier awer esou, datt et schwéier wier zu Lëtzebuerg gutt Leit fir de Policedéngscht ze fannen.

Datt et och Problemer bei der Ëmsetzung vun enger Direktiv, ëm d'Aarbechtszäiten, geet, dees wier ee sech och bewosst. De Pascal Ricquier hat jo schonn am Dezember zejoert erkläert,  datt d’Gesetz, dat déi maximal legal Aarbechtszäit beim Staat reegelt, d'Police géif viru Problemer stellen, well een op Schichte schafft.

De François Bausch: "Ech mengen, et ass net well den Här Ricquier Saachen interpretéiert, datt dat och richteg ass wat en interpretéiert huet. Et ginn juristesch Avisen, déi de Contraire soen. Ech hu vun Ufank u gesot, ech hätt gären, datt mir dat alles zesumme leeën, a genee kucken. An dat ass genee dat wat d’Generaldirektioun op meng Uweisung hi mécht, mat juristesch Avisen, fir ze kucke wat ass dat wat mir am beschte kënne maachen, fir d’Aarbechtsorganisatioun z’optiméieren, an awer am Kader vun der Legalitéit ze sinn."

Vu Gejäiz géif hie sech op jidder Fall net beandrocke loossen, esou de Policeminister François Bausch.

Communiqué vun der Police

Durée de travail au sein de la Police grand-ducale :
Le comité de direction précise !

  1. L'organisation, ainsi que les missions de la Police grand-ducale sont réglées par la loi du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale entrée en vigueur le 1er août 2018. La loi du 1er août portant fixation des conditions et modalités d'un compte épargne temps dans la Fonction publique entrée en vigueur le 1er octobre 2018, détermine entre autres le cadre de l'horaire de travail des fonctionnaires. Cette loi s'applique bien évidemment aussi à la Police, mais contrairement à l'affirmation dans un article de presse, ces dispositions ne furent pas intégrées dans la loi précitée du 18 juillet 2018.
  2. Dès l'entrée en vigueur de la loi au 1er octobre, les services et unités travaillant avec l'horaire mobile au sein de la Police ont été directement mis en conformité avec le nouveau cadre légal. Le comité de direction fut dès novembre en dialogue avec les représentations du personnel aux fins de chercher des solutions relatives au fonctionnement des unités, où une mise en conformité s'est avérée plus difficile (le Service de Police Judiciaire, l'Unité Spéciale, les commissariats de Police, …).
    Le fonctionnement prévisionnel des services à roulements a été mis en conformité avec le cadre général de la loi au 7 janvier 2019.
  3. Il importe de relever que la loi autorise explicitement l'accomplissement d'heures supplémentaires en cas d'urgence ou de surcroît exceptionnel de travail.
  4. Le comité de direction a élaboré des propositions d'adaptation du cadre légal luxembourgeois dans le respect du cadre fixé par une directive européenne de 2003, dans le sens que cette directive permet de prévoir des dérogations dans certains cas.
Le comité de direction déplore le manque de volonté au dialogue constructif de la part des responsables du SNPGL, mais il tient à souligner sa disposition à continuer la collaboration dans un esprit ouvert et respectueux.