Bilan SozialwalenIwwer d'Hallschent vun den Delegéierten net op Gewerkschaftslëschten

RTL Lëtzebuerg
Si kréien iwwer 50% vun de Stëmmen. OGBL an LCGB stinn hannendrun.

Virun 8 Deeg ware Sozialwalen. Eng nei Chambre des Salariés gouf gewielt. Den Ament gëtt nach ausgezielt, am Abrëll dierften d’Resultater virleien.

Da waren och Delegatiounswalen an de Betriber. Nach ginn et hei keng definitiv Resultater. D’ITM, d’Gewerbeinspektioun, sammelt all d’Zuelen an iwwerwaacht déi Walen.

Iwwer 3.800 Betriber waren opgeruff, fir Personal-Delegatiounen ze wielen. 2.514 Entreprisen hu bis ewell hir Resultater - online - eraginn. Mam Resultat: net d’Gewerkschaften hunn d’Nues vir, mä Lëschten a Gruppementer, déi net gewerkschaftlech gebonne sinn.

Iwwer d’Hallschent vun den Delegéierten, déi d’lescht Woch an den iwwer 2.500 Betriber gewielt goufen, hunn also net op Gewerkschaftslëschte kandidéiert: si kréie 54% vun de Stëmmen.

Den OGBL kënnt op 25%, den LCGB op 15%. Dat ass den aktuelle Stand, wann op d’mannst 15 Leit an enger Entreprise schaffen, musse Walen organiséiert ginn.

An enger éischter Phase waren 3.800 Betriber kontaktéiert ginn. Knapp 3'000 hu geäntwert, eng ganz Rëtsch hunn awer keng Wale missen organiséieren, well se d’Konditiounen net erfëllt hunn oder zum Beispill schonn eng Delegatioun gewielt gouf. Am Ablack feelen nach d’Resultater vun engen 100 Betriber.

Déi net-gewerkschaftlech Lëschten hu sech also majoritär an den Entreprisen duerchgesat.
Déi net-gewerkschaftlech Lëschten hu sech also majoritär an den Entreprisen duerchgesat.
© RTL Archive

Wann een awer just déi grouss Betriber kuckt, déi mat méi wéi 1.000 Leit Personal oder souguer 500 Salariéen, dann dominéieren awer d’Gewerkschaften. Beim Cactus ass et zum Beispill den OGBL, bei der Botzfirma Dussmann huet den LCGB d’Nues vir. Goodyear: 60% fir den LCGB, 40 fir den OGBL. Bei der Luxair krut de SEA, de Syndicat des employés du secteur de l’aviation 45% vun de Stëmmen, OGBL an LCGB kommen op 25%, d’NGL op 5%.

Am Finanzsecteur, sou wéi d’Gewerbeinspektioun et registréiert, kënnt d’Aleba op 29%. Den OGBL läit bei 17, den LCGB bei knapp 13%. Aner Gruppementer dominéiere mat iwwer 40%. Fazit: D’Aleba huet u Gewiicht a Stëmme verluer, en definitive Bilan feelt nach. Den OGBL gesäit sech selwer als grousse Gewënner an de Betriber, den LCGB ass och zefridden a konnt sech verbesseren.

D’Gewerkschaften si weider staark an de grousse Betriber am Land, mä et ginn och Ausnamen: Amazon oder grouss Berodungsfirmae wéi Pricewaterhouse Coopers, Deloitte oder Ernst and Young, wou iwwer 1.000 oder souguer 2.000 Leit schaffen, do gëtt et keng Gewerkschaft, just Lëschte mat neutrale Kandidaten.

Op déi komplett Resultater an de Betriber muss een also nach waarden, grad esou op déi vun der CSL, der Chambre des Salariés. 60 Delegéiert ware jo hei ze wielen. Iwwer 520'000 Salariéen a Pensionéierter, och Frontalieren, hunn dierfe per Bréifwal ofstëmmen. Wéi vill der dat gemaach hunn a wéi se gewielt hunn, dat wësse mer nach net. Nach gëtt fläisseg ausgezielt. Den Aarbechtsministère këmmert sech hei drëms an ausgezielt gëtt all Dag. Bis se fäerdeg sinn! 9 Gruppe vu 5 Leit maachen dat, 7 Deeg an der Woch.

Back to Top
CIM LOGO