Liicht Hausse bei Kriminalitéit, 3 Persoune goufen ëmbruecht
D'Police huet en Dënschdeg de Moien hire Bilan vum leschte Joer presentéiert.
Bei der allgemenger Kriminalitéit ass et eng Hausse vun 1,5%. An der Haaptsaach sinn et nach ëmmer Abréch, respektiv Saachen, déi geklaut ginn.
Haaptsächlech duerch Abréch, respektiv Saachen déi geklaut goufen. Dat huet d'Police Lëtzebuerg de Moien am Kader vun hirem Bilan 2018 präziséiert. D'Volle maachen nach ëmmer de gréissten Deel vun den Infraktiounen aus, mat iwwer 61%. Zejoert goufen et ronn 1500 Abréch a bewunnten Haiser. De Pascal Peters vun der Police Lëtzebuerg erkläert dës Augmentatioun duerch eng Serie vun Abréch, déi aus dem Ausland gesteiert gouf. Dat hätt ee bei de Leit déi festgeholl goufen esou och constatéiert.
Dat kritt een net verhënnert wann just zu Lëtzebuerg Patrulle fueren dofir misst ugeduecht gi fir mat den Nopeschlänner zesummen ze schaffen. Wat d'Infraktioune géint Persounen ugeet, goufen zejoert 3 Leit zu Lëtzebuerg ëmbruecht. D'Fäll vu Kierperverletzungen hu weider ofgeholl. Zejoert goufen eng 2600 Fäll gemellt. Weider Detailer aus dem Bilan vun zejoert héiert der den Owend am Journal um hallwer 7.