80% vun den europäeschen Entreprise waren an de leschten 2 Joer Affer vun enger Cyberattack.

Et gëtt geschat, dass d'Käschte vu sou Attacken sech weltwäit all Joer op iwwer 400 Milliarden belafen. Dës an aner Chifferen goufen e Mëttwoch an der Chamber genannt, wou e Gesetzestext iwwert d'Sécherheet vun den Informatiounssystemer unanime ugeholl gouf. Konkret geet et ëm eng EU-Direktiv déi an nationaalt Recht ëmgesat soll ginn. De Rapporteur vum Projet de Loi, Eugène Berger huet betount datt och Lëtzebuerg keng Insel wier wat d'Cyberkriminalitéit ugeet.

AUDIO: Den Eugène Berger vun der DP

D'Gesetz hält eenheetlech Reegelen fest fir Operateuren an Fournisseuren vun digitalen Servicer, déi an Zukunft all néideg Precautiounsmoossnamen huelen musse fir hir Systemer bescht méiglechst ze schützen. Kënnt et dann awer zu enger Cyberattack, dann muss dëst den zoustännegen Autoritéiten gemellt ginn. Zu Lëtzebuerg sinn datt zwou: d'CSSF engersäits, fir de Finanz- a Bankesecteur an den ILR anersäits, fir déi aner Beräicher, wéi zum Beispill Energie oder Transport.

Den Text gouf wéi gesot unanime ugeholl, an awer gouf et vun Säiten vun der Oppositioun deen een oder anere Kritikpunkt. Den Sven Clement vun de Piraten zum Beispill huet beklot datt een en Gesetz stëmme géing ouni ze wëssen wéi vill Firmen a wéi engem Ausmooss zu Lëtzebuerg betraff sinn.

AUDIO: De Sven Clement vun der Piraten

D'Deputéiert waren sech allerdéngs alleguerten iwwert d'Wichtegkeet vun dëser Directiv eens, net just en vue vum wirtschaftlechen Impakt mee och wëll d'Digitalisatioun haut schonn eng grouss Roll spillt an dat och an Zukunft nach weider wäert maachen.