Wäertvoll InformatiounenWéi schützen ech mech virum Eichenprozessionsspinner?

RTL Lëtzebuerg
Zanter e puer Wochen ass en nees do, den Eichenprozessionsspinner. Déi Raup ka jo zolidd Irritatiounen an Ausschlag op der Haut provozéieren.
VIDEO: Eichenprozessionsspinner: Wat maache wann?
Erklärunge vum Elisabeth Freymann vun der Naturverwaltung.

Et ass och net eréischt zanter leschtem Joer, dass dës Raup präsent ass, ma schonns e puer Joer. E besidelt, wéi säin Numm et verréit, an der Haaptsaach Eechen a ka fir gesondheetlech Problemer bei Mënsch an Déier suergen. Wien a Kontakt mat de Brennhoer kënnt, soll dës direkt ofwäschen, respektiv ofduschen.

Erklärunge vum Elisabeth Freymann vun der Naturverwaltung.
Erklärunge vum Elisabeth Freymann vun der Naturverwaltung.

Neien Depliant

Enn Mee hat d’Stad Lëtzebuerg jo schonn eng Warnung erausginn, well déi kleng Raupen op e puer Plazen, zum Beispill um Cents, zu Hamm, Bouneweg an um Kierchbierg, gesi goufen.

D’Gefor kënnt duerch déi sougenannte Brennhoer, déi vum drëtte Larvestadium un entstinn. Si enthalen Nesselgëft, dat allergesch Reaktiounen ausléist. D’Suitte sinn e staarke Bass, d’Haut ka sech entzünden, d’Otemweeër an d’Ae gi gereizt.

Wien a Kontakt mat de Brennhoer kënnt, soll dës direkt ofwäschen, respektiv ofduschen. Och d’Gezei soll deen Ament gewäsch ginn. Bei méi staarke Reaktiounen ass et recommandéiert bei en Dokter ze goen.

PDF: Den Depliant mat den Erklärungen (op Däitsch).

Back to Top
CIM LOGO