D'Diskussioun iwwer Net-Lëtzebuerger bei der Arméi anzestellen, wär déi falsch, esou de Syndicat professionnel de l'armée luxembourgeoise (Spal).

D'Arméisgewerkschaft äntwert en Dënschdeg hirem Minister François Bausch op en RTL-Interview viru gutt zwou Wochen.

D'Diskussioun iwwer Net-Lëtzebuerger bei der Arméi anzestellen, wär déi falsch. Et géife genuch Kandidate ginn. De Rekrutement an d'Weiderbildung misste geännert ginn an et misst besser Reklamm gemaach ginn.

Problematesch wier weiderhin d'Surcharge un Aarbecht an der Arméi. Do misst och ee besseren Dialog entsoen esou de Spal.

De Minister géif ëmmer vun der "sozialer Roll" vun der Arméi schwätzen, och vun enger "grénger Arméi". Dat gefält der Arméisgewerkschaft net. Si wéilte keen "Nivellement vers le bas", mä gutt Aarbechtsplazen am ëffentlechen oder kommunale Secteur. Eng "gréng Arméi" vun där de François Bausch géif schwätzen, wär net compatibel mat enger effikasser a moderner Arméi. De Minister soll d'Arméi net notzen, fir Parteipolitik ze maachen, mengt d'Arméisgewerkschaft Spal an hirem Schreiwes.