Domadder soll den Zougank zu Informatioune fir d’Bierger vereinfacht ginn.

Haapt-Rubrike sinn "Sanitär-Alerten", "Services de Garde“ - Urgencen, Spideeler, Maison medicales an Apdikten – wéi och d’Haapt-Noutruff-Nummeren.

D’App "Santé.lu" erlaabt et och, seng Impfkaart ze testen, e Passeport de vie an puer Klicken erofzelueden oder nach Gesten ze visualiséieren, déi e Liewe kënne retten.

D’App kritt een an de Storen vun Apple a Google Play, sou de Ministère.