"Casiers bis"CSV-Oppositioun weist sech net zefridden a stellt weider Froen

RTL Lëtzebuerg
D'Affär iwwert de Fonctionnement vum Fichier Central um Niveau vun der Police Judiciaire bleift aktuell e Politikum.

Suivi Ficher central: De Reportage vum Roy Grotz

Och no enger Äntwert vun de Ministere Bausch a Braz gëtt sech d'CSV-Oppositioun net zefridden a weist an enger weiderer parlamentarescher Fro op Onstëmmegkeeten hin an dës wëll d'Oppositioun opklären a Liicht an de Gebrauch vun engem Fichier kréien, deen et an dëser Form ewell zanter 1992 gëtt.

Net vu gëscht an haut also, mee et ass elo ewell déi siwent Regierung, déi iwwert d'Gesetzer waacht - méi oder manner attentif - déi d'legal Basis fir dee Fichier duerstellen, dee bei Enquêtë vun der PJ genotzt gëtt, mee wéi mer wëssen och beim Duerchliichte vu Persounen, déi wëlle bei de Staat schaffe kommen - u sech huet jo esou e Fall déi ganz Problematik, iwwert déi éischter ewechgekuckt gouf an déi einfach sou weiderlafe gelooss gouf, un d'Rulle bruecht.

Un der Frontlinn, fir Explikatiounen ze liwweren, stinn d'Ministere Bausch a Braz, déi fir Transparenz ze suergen hunn, an op déi sech d'Oppositioun natierlech mat hire Froen ageschoss huet.

An dann - nëmmen en hallwen Dag no de Ministeschäntwerten - mat enger weiderer parlamentarescher Fro, d'urgence gouf net ugefrot.

Heiranner heescht et, d'Regierung hätt ugangs behaapt, datt nëmmen d'PJ Accès op Informatiounen aus dem zentraliséierte Fichier hätt. Elo wier et awer den Aveu, datt och aner staatlech Verwaltunge wéi de Srel kéinten op Ufro hin op dës stockéiert Informatiounen aus Rapporten a Procès-Verbaux zeréckgräifen.

D'Deputéiert Roth a Mosar stellen dann nach emol 10 Froen un d'Ministeren, notamment déi, wéi si sech de "vide juridique" erklären, op deen am Kader vum Dateschutzgesetz ewell e puer higewisen gi wier - mee ouni Reaktioun vun de kompetenten Autoritéiten.

PDF: Weider parlamentaresch Fro vum Gilles Roth a Laurent Mosar

Back to Top
CIM LOGO