An de leschte Jore konnten ni esou vill Déiere geschoss ginn, wéi et u sech vum Gesetz hier erlaabt wier.

"Ass et méiglech, datt ouni Klappjuegten déi festgeluecht Minimalzuel vu Wëllschwäin am Land geschoss ginn" freet d'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen am Kader vum sougenannten Ofschossplang.

Déi lescht Joren iwwer konnten nämlech ni esou vill Déiere geschoss ginn, wéi et u sech festgeluecht ass, bei de Wëllschwäin sollen et souguer e Fënneftel manner Déiere sinn, déi geschoss goufen, wéi u sech erlaabt.

D'Ëmweltministesch erkläert an hirer Äntwert, datt d'Populatioun vun de Wëllschwäin extrem all Joer ka variéieren an sech je no Zouwuess bis zu verdrëttelen kann.

Fir besonnesch effektiv ze joen, missten d'Jeeër hir Juegten zäitlech a raimlech matenee koordinéieren. Dat geet awer nëmmen, wann iwwert en eenzelt Juegdlous eraus Juegten organiséiert ginn.

Den Zuele vun der Natur- a Bëschverwaltung no ginn an der Moyenne d'Joer eng ronn 6.000 Wëllschwäin geschoss, dat sinn 10% ënnert den Ofschosspläng. Déi déck Majoritéit vun den Déiere ginn op de ronn 900 Klappjuegten,  déi am Joer organiséiert ginn, doutgemaach.