
Op Ufro hi vun der CSV waren um Mëttwoch de Moie Vertrieder vun der Dateschutzkommissioun an zwou Chamberkommissioune komm, fir iwwert d'Kompatibilitéit vun de Policefichieren an -datebanke mat den aktuelle Gesetzer ze diskutéieren.
Et gouf keng grouss Zefriddenheet, am spéiden Mëttwoch de Moien, op Säite vun den Deputéierte vun de Chamberkommissioune vun der Justiz a vun der bannenzeger Sécherheet an der Verdeedegung: Virdrun hate Si d'Dateschutzkommissioun zur Fro gehéiert, ob Fichieren an Datebanke vun der Police am Aklang wäre mat den aktuelle Gesetzer.
Virun allem d'Oppositioun sot sech enttäuscht no deem Rendezvous, awer och d'Vertrieder vun der Majoritéit kruten net all Satisfaktioun. Eens war ee sech als Chamberkommissiounen awer doriwwer, dass wuel spezifesch gesetzlech Nobesserungen néideg sinn; d'Aarbechten doru kéinten am Hierscht ulafen. Et wëll een och nach weider Kontrollorganer héieren, mat fir d'éischt der Kontrollautoritéit vun der Justiz, déi d'nächst Woch kéint invitéiert ginn.
D'accord ware Majoritéits- an Oppositiounsdeputéiert awer doriwwer, dass gesetzlech Nobesserunge komme mussen, an zwar zäitno.
Sou wär dem Eugène Berger vun der DP no praktesch fir all Fichier en eegent Gesetz néideg, wou dann genee vum Gesetzgeber géif gereegelt ginn, wéi een domadder sollt ëmgoen. An dat well déi aktuell legal Basis, wéi de Charel Margue vun déi Gring sot, schéngt „limite“ ze sinn. Et sollt een awer näischt iwwerstierzen, et wier schwéier, e schlecht Gefill vun de Leit nët kënnen kuerzfristeg ze beäntweren.
Et wär jidderee bereet, fir d'Gesetzgebung op de Leescht ze huelen, well zefridde wär keen. Besonnesch net d'CSV! De Gilles Roth huet awer ervirgehuewen, dass d'Kontrollautoritéit vun der Justiz (wuel d'nächst Woch) an d'onofhängeg Dateschutzkommissioun vun 2015 nach solle gehéiert ginn. Hien hofft, dass am Sënn vun der Transparenz, am Sënn vun de Bierger an am Sënn vum Rechtsstaat elo séier Äntwerte kommen an dass een net muss zu extreme Mesuren wéi eng Enquêtëkommissioun gräifen.
Wa gesetzlech misst nogebessert ginn, sollt dat bis d'Enn vum Joer geschéien; am anere Fall missten eben d'Kontrollmechanisme vun der Chamber spillen.
Och de Marc Goergen vun der Piratepartei war onzefridden. Hien huet haut nach emol e konkret Beispill gefrot an och, dass een déi Donnéeën kann ufroen.
De Marc Baum vun déi Lénk huet sech doru gestéiert, dass d'Dateschutzkommissioun vun der Regierung den Optrag krut, fir am Oktober en ausféierlechen Avis ofzeginn zu verschiddene Froen. D'Dateschutzkommissioun ass eng onofhängeg Autoritéit a se soll d'Chamber conseilléieren. Dass se Informatiounen bis Oktober zeréckhält géif hien extrem komesch fannen. Dobäi hätt si an der Vergaangenheet méi kloer Positiounen heizou gehat.
Dem Alex Bodry vun der LSAP no missten d'Chamber, d'Regierungen an d'Kontrollorganer e kollektive Mea culpa maachen. Si hätten elo awer och déi kollektiv Chance, Saachen erëm riicht ze béien. „Mir sinn zanter 2002 op d'mannst an enger Situatioun, wou mer wëssen, dass eng ganz Rëtsch Datebanken, ënnert anerem bei der Police, gesetzlech net genuch ofgeséchert sinn!“: Dat sot den Alex Bodry gëschter no enger gemeinsamer Sëtzung vun de Chamberkommissioune vun der Justiz a vun der bannenzeger Sécherheet an der Verdeedegung an der Affär vum sougenannte „geheime Casier“; an déi Sëtzung war d'Dateschutzkommissioun geruff ginn, op Demande hi vun der CSV.
Fir den LSAP-Deputéierten hat een d'Hoffnung, mam Dateschutzgesetz vun zejoert, dass d'Problemer geléist wären, elo misste sech awer all d'Acteuren an de Spigel kucken:
Et wär op dësem Gebitt ze vill lafe gelooss ginn, ënnert anerem vun der CSV, déi déi zoustänneg Ministere gestallt huet, awer och vum Parlament a vun de Kontrollorganer, sou den Alex Bodry. Fir deen e kollektive „Mea culpa“ misst gemaach an am Hierscht mat de gesetzlechen Nobesserunge misst ugefaange ginn.
De Gilles Roth war no där Sëtzung vu gëschter enttäuscht doriwwer: Et wär nämlech d'Gefill opkomm, dass d'Dateschutzkommissioun méi e staatleche Service wär wéi en onofhängegt Etablissement. Den CSV-Deputéierte sot, keng Äntwert op konkret Froe kritt ze hunn:
De Gilles Roth war och der Meenung, dass all Bierger e Recht hätt, fir seng Policedonnéeën anzegesinn, d'CNPD sollt an deem Kontext e Formulaire bereet stellen.
De Roy Reding sot sech batter enttäuscht iwwert dee Rendezvous, well d'Dateschutzkommissioun net amstand gewiescht wär, fir op einfach Froen z'äntweren. Et wär ee vertréischt ginn op en Avis, dee vun hir komme soll. Et géif op d'Zäit gespillt ginn, fir Drock aus dem Kessel ze huelen a sech iwwert de Summer ze retten, sou den ADR-Deputéierten. Et hätt een z.B. keng Äntwerte kritt op Froe wéi:
- fannt dir et normal, dass et eng Datebank gëtt, wou 2000 Leit Zougank drop hunn, wou all méiglech Informatiounen iwwer Mënsche gespäichert ginn, ouni datt déi et wëssen?
- fannt dir et normal, datt do Informatioune sinn iwwer Bierger, déi ni ugeklot gi sinn, wou d'Affär verjäärt ass, wou et ni zu enger Uklo komm ass an déi rehabilitéiert gi sinn?
- fannt dir et normal, dass do Donnéeë vu Mineuren dra sinn?
- fannt dir et normal, dass déi Daten éiweg laang gehale ginn?

De Roy Reding lancéiert dofir en Appell un d'Bierger, fir der Police ze schreiwen. Et géif nämlech en Droit à l'accès ginn. Dat kéint en einfache Bréif sinn oder en Email nom Schema:
À l'attention vum Responsable du traitement
Gëtt et iwwer mech Informatiounen oder Daten, déi bei Iech gespäichert sinn, Jo oder Nee?
Wa Jo, schéckt mer w.e.g. eng Kopie.
Wéi laang ginn déi Informatioune gehalen an hunn ech d'Méiglechekeet Rektifikatiounen oder Suppressiounen ze froen?
Dem adr-Politiker no sollt dat all Bierger interesséieren a géif et an dësem Dossier op ville Säiten e Versoe ginn.