Wéi eng Mesure wëll de Ministère ënnerhuelen, elo wou de Burnout vun der WHO an d’Lëscht vun de méigleche Facteure fir Gesondheetsschied opgeholl gouf.

An enger parlamentarescher Fro wollt de fréiere Gesondheetsminister an LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo Äntwerte vum aktuelle Gesondheetsminister Etienne Schneider.
D’Servicer vun der Gesondheet op der Aarbechtsplaz hunn zejoert 239 Fäll vu Burnout am Déngschtleeschtungs-  a Finanzsecteur registréiert. Domadder wieren d’Fäll vu Burnout an deem Beräich immens an d’Luucht gaangen, heescht et an der Äntwert vum Gesondheetsminister Etienne Schneider. Et hätt een hei mat enger Hausse vu 37 Prozent ze dinn. Dofir wier et wichteg op Formatioun an Informatioun vun de Salariéë, mä och vun den Employeuren ze setzen. Nieft dëser Offer gëtt och déi psychologesch Offer duerch d’Majoritéit vun de Services de santé au travail proposéiert.

Preventioun ass dann ee weidert Stéchwuert. Dofir ginn et eng Rei Initiativen, déi de Leit wëllen ënnert d’Ärem gräifen. Zum Beispill de Programme Phénix vun der “Association pour la santé au travail des secteurs tertiaire et financier” oder och nach ee Programm, dee vum Gesondheetszentrum entwéckelt gouf, wou d’Leit iwwer 3 Méint verschidden Hëllefe kënnen an Usproch huelen. “D’Preventioun wier déi beschte Léisung, fir de Risiko vum “Burn-Out” ze bekämpfen”, ass et d’Ausso an der Question parlementaire. Dofir misst am Kader vun enger zukünfteger  Reform vum Code de Travail d’Ausschaffe vun engem nationale Plang iwwert d’psycho-sozial Risiken an d’A gefaasst ginn.

Wéi et weider an der parlamentarescher Äntwert heescht, këmmere sech zwou Associatiounen ëm Leit mam Krankheetsbild. Dat ass zum enge “Stress asbl” a “Mobbing asbl”. Déi eng gëtt vum Gesondheetsministère kofinanzéiert, déi aner vum Aarbechtsministère.

Ënnert “Burnout” géif een ee Syndrom verstoen, dat duerch Stress ausgeléist gëtt, deen de Patient net gemeeschtert kritt. Deen äussert sech dann iwwert ee Manktem un Energie a Middegkeet oder och d’Effikassitéit, déi erofgeet.

De Minister lëscht dann och eng ganz Partie Prestatiounen op, déi en Charge geholl ginn. Do zum Beispill d’Indemnitéiten am Fall, wou d’Persoun net méi capabel ass ze schaffen, Openthalter a Spideeler am Ausland oder och nach Relaxatiounsbehandlunge bei de Psychomotricien.

[commments]