Doduerch sinn am Moment hei an der Géigend Déieren a Planzenaarten ze fannen, déi et normalerweis net hei gëtt.

Datt et an deene leschte Joren am Summer ëmmer méi dacks waarm dobausse gëtt verglach mat fréier, hunn déi meescht Leit scho matkrut. D'Wëssenschaftler si sech elo eens, datt verschidden Hëtztwellen op de Klimawandel zréckzeféiere sinn an datt esou Wiedersituatiounen ëmmer méi heefeg ginn.

All dëst huet Auswierkungen op d’Déieren an d’Planzewelt. Den "Eichenprozessionsspinner" ass eréischt zanter 2 Joer esou richteg bekannt, obwuel et e virdru scho ginn ass, ma seng Iwwerliewenschancë klamme wann d’Klima matspillt. Esou och verschidde Mécken-Aarten, déi et soss just an tropesche Länner gouf, kënnen elo hei iwwerliewen, esou de Christian Ries vum Naturmusée.

Ma wéi kommen dës Insekten op Lëtzebuerg? D'Erklärung ass einfach: si komme geflunn, net aus eegener Kraaft, mä mam Fliger. Wa se da bis zu Lëtzebuerg sinn an d'Wiederkonditioune spille mat, klëmmt d'Iwwerliewenschance an d'Méiglechkeet, fir Eeër ze leeën. Wann dëst alles klappt, fillt sech déi nei Insektenaart wuel an hirer neier Heemecht.

Wat wichteg ass, ass, datt mer léieren, mat dësen neien Aarten eens ze ginn an ons esou gutt ewéi méiglech dogéint schützen.

Och an der Planzewelt eruewere Planze lëtzebuergeschen Terrain. Wat d’Mënschen alles vu Planzen aus tropesche Länner mat op Lëtzebuerg bruecht hunn, fir ze dekoréieren, huet längst d’Natur fonnt.

Den Alain Klein hëlt ons mat bei d’Kéiermillen niewent der Blees an der Gemeng Housen. Et ass do wou den Ament eng ganz invasiv Planz lues awer sécher alles iwwerwuchert wat se fënnt.

Dat ass awer net deen eenzege Problem, dobäi kënnt, datt wa se fir Nowuess suergt, se eng ganz raffinéiert Technik entwéckelt huet.

Iwwert eng Dose Fräiwëlleger hu sech dëser Sisyphusaarbecht ugeholl a rappen all eenzel Drüse-Sprangkraut eraus. Déi eenzeg Méiglechkeet, fir se ënner Kontroll ze behalen.

Am Groussen a Ganze musse mer eis awer keng Suerge maachen, ob nei Mécken-Aarten oder Planzen, ons Autoritéiten a Wëssenschaftler wäerte sech am Hannergrond weiderhin drëm këmmeren, an dëst ouni datt mir et iwwerhaapt matkréien.