D’Asian Infrastructure Investment Bank huet e Freideg an e Samschdeg hire Meeting hei zu Lëtzebuerg, fir d’éischte Kéier an Europa.

D'Konferenz vun der Asian Infrastructure Investment Bank gëtt als déi gréissten international Konferenz annoncéiert, déi et jee hei am Land gouf. Eng 1.500 Leit, dorënner 50 Finanzministere gi sech erwaart. De François Aulner huet sech am Virfeld mam Vizepresident vun  der Bank ënnerhalen.

De Sir Danny Alexander, e Schott, fréiere britesche Regierungsmember fir déi Liberal. D’AIIB, d’Asian Infrastructure Investment Bank, wéi d’Wuert et seet eng asiatesch Bank, déi an Infrastrukturen investéiert. Wéi d’Bank vu sech seet: eng multilateral Bank, déi et zanter 3 an engem hallwe Joer gëtt, an där vun Ufank u Lëtzebuerg Member war.

ONG'e kritiséieren d’AIIB: se géing indirekt an d’Kuelenindustrie investéieren. Dat mat der Nohaltegkeet, dat ass réng Rhetorik. "Souwäit ech weess hu mir keng Investissementer an d'Kuelenindustrie. Mir hunn investéiert a Projete wéi zum Beispill Hydroenergie am Nepal, Gas am Bangladesch oder a Solar an Egypten. Dat ass wouranner mir direkt investéieren", sou de Sir Danny Alexander.
   
Mir haken no: „indirekt investéiert dir awer!" kuerz Paus am Interview. Et gëtt verséchert: weder direkt oder indirekt. Ausnamsweis placéiert d’Bank Suen a Fongen, mä och hei wéisst ee wou d’Geld weider investéiert gëtt. Den Interview geet weider. "Ons Valeure si kleng, propper a gréng. Déi gréng Dimensioun seet, wéi mir investéieren an eis Institutioun féieren, Dir wäert gesinn, et wäert ëmmer méi gréng Projeten vun der AIIB ginn", sou de Vizepresident vun der Bank.

Tëscht Asien, besonnesch China, an europäesche Länner sinn d'Ënnerscheeder grouss. Et ass een anert Demokratieverständnis, Minoritéite wéi d’Uyghure ginn ënnerdréckt, Sozial- an Ëmweltnorme sinn net um Niveau wéi hei, Tensiounen am chinesesche Mier an am Handel, an an an... D‘Duerch déi géigesäiteg Ofhängegkeet hoffen europäesch Länner, datt se kënnen e positiven Afloss op China ausüben.

Ob net ëmgedréint China ëmmer méi Afloss an Europa huet? Eenzeg Äntwert: Duerch déi géigesäiteg Ofhängegkeet hoffen europäesch Länner, datt se kënnen e positiven Afloss op China ausüben. Op jidder Fall wat de Business ugeet.