Mat den Drone soll et méiglech sinn, fir méi cibléiert ze sprëtzen.
De Familljebetrib Domaines Laurent&Rita Kox ass bis elo den éischte Betrib hei am Land deen an der Testphase ass, fir mat Hëllef vun Drone seng Wéngerten ze sprëtzen.
Mat Hëllef vun Dronen ass et méiglech, vill méi präzis a cibléiert ze sprëtzen, fir de Schutz vun den Drauwen ze verbesseren. Duerch d'Sprutzen aus der Loft gëtt och de Buedem geschount, erkläert d'Corinne Kox.
„Et gëtt eis e weidere Moyen, fir eis Planze besser ze schützen an dofir hu mir eng Demande beim Ministère gemaach, fir och am privaten Domaine Dronen ze benotzen an der Behandlung vun eisen Drauwen an den Drauwestäck.“
Fir dëst z'erméiglechen, brauche si eng Autorisatioun beim Ministère vun der Viticulture a vun der Direktioun de l'Aviation civile, well et nach keng richteg Reegelungen an dësem Beräich zu Lëtzebuerg ginn.
Och wann ëmmer méi resistent Drauwenzorten op de Marché kommen, ass d'Sprëtzen an de Wéngerten nach ëmmer wichteg.
„Ville Leit ass net bewosst, datt mer eis Planze musse sprëtzen, well mir sinn elo scho säit iwwer 100 Joer, wou gewësse Champignonen eis Drauwen a Planzen ugräifen a mir keen aner Moyen hunn, wéi präventiv ze sprëtzen.“
Et wäert nach daueren, bis de Marché vun Dronen zu Lëtzebuerg sech méi verbreede wäert a bis dat dëst Hëllefsmëttel d'Sprëtze mam Helikopter oder vum Trakter ganz ersetze kann.