D'Stad Lëtzebuerg ass am Wandel, och de Commerce. D'Gewunnechte vun de Clienten hu geännert, Butteker stinn eidel, Traditiounshaiser maachen zou.

Virun zwou Wochen huet Tapis Hertz annoncéiert, datt een d'Geschäft an der Groussgaass zoumécht. D'Sportgeschäft Keller op der Theaterplaz mécht zou. De C&A um Knuedler geet aus der Uewerstad fort, hei soll e Monoprix, respektiv Naturalia dra kommen. De Bonn an der Philipsgaass mécht an der aktueller Form zou, Louis Vuitton soll sech hei néier loossen.

D'Grënn firwat déi eenzel Butteker zoumaache si verschidden. Tapis Hetz hält net op, zitt sech just aus der Stad zeréck. „Wa mer wëllen iwwerliewen, musse mer Decisiounen huelen“, seet d'Gérante Nathalie Aach.

"Ech sinn an der Groussgaass op d'Welt komm"

12 Joer huet si do gewunnt an zanter 25 Joer schafft si an der Groussgaass. An engem Familljebetrib, deen et zanter 73 Joer gëtt. D'Decisioun, dat grousst Geschäft op fënnef Stäck zouzemaachen, ass hir net einfach gefall.

Virun 3, 4 Joer hätt et ugefaange schwiereg ze ginn. Eeschthaft Gedanken hätt ee sech zanter Enn leschtem Joer gemaach, ee Joer virum Enn vum Bail. 13 Leit schaffen den Ament bei Tapis Hertz an der Groussgaass, an de Chômage muss keen, dat freet d'Cheffin.

RTL

© Tapis Hertz

"De Mode de consommation huet einfach gewiesselt"

D'Grënn firwat et net méi sou leeft wéi fréier si verschiddener, um Loyer louch et net. D'Leit géife vill um Internet an baussent der Stad akafen, an d'Stad éischter spadséiere kommen ouni eppes ze kafen.

D'Stater Geschäftswelt am Wandel: dat gouf et alles schonn, mengt d'Nathalie Aach. Och e Sternberg, Neuberg, Rosenstiehl oder de Monopol hu viru Joren zougemaach. An et ass weider gaangen.

RTL

© Tapis Hertz

"Ech soen net, datt ech ni méi zréck kommen“

Fir Tapis Hertz wier et haut am beschten, sech op déi zwee Point de vente baussent der Stad ze konzentréieren, an der Belle-Etoile an zu Bartreng. De Buttek an der Stad mécht Mëtt November seng Dieren zou.

D'Stad misst sech erkréien, iert ee sech virstelle kéint zréckzekommen. Wéinst de Chantieren an dem Accès wier d'Stad den Ament schwéier ze geréieren. "Et ass villäicht op ville Plazen zesummen ugepak ginn", seet d'Nathalie Aach, "Mä dat ass d'Gestioun vun der Stad. Ech këmmere mech ëm déi vu mengem Buttek."

Misst d'Stad oder de Staat de Geschäftsleit méi ënner d'Äerm gräifen? Dat wier eng schwiereg Fro. Et kéint bestëmmt méi gemaach ginn, ma et kéint vläicht virun allem anescht gemaach ginn. "Mat Momenter fillt ee sech schonn an der Stad relativ eleng gelooss. Ech gleewen awer drun, datt d'Stad iergendwann nees attraktiv gëtt an datt d'Leit och erëm kommen."