Tapis Hertz ass nëmmen ee Beispill vu Butteker, déi sech aus der Haaptstad zréckzéien. Wat mécht d'Gemeng?

"D'Leit kommen an d'Stad spadséieren, net akafen", seet d'Nathalie Aach. D'Stad misst vläicht méi Reklamm maachen, esou d'Reaktioun vum zoustännege Schäffe Serge Wilmes, CSV. Ma et wier awer nach ëmmer en Erliefnis an d'Stad ze kommen an et géif eng lieweg Geschäftswelt ginn.

Wann Traditiounshaiser zoumaachen, géif dat wéidoen, ma d'Stad kéint och net selwer Commerçant spillen. Et wier net d'Aufgab vun der Stad, ze decidéiere wéi eng Butteker wouhinner kommen, bis op déi puer Geschäftslokaler, bei deenen d'Stad Proprietär ass.

Si ass zoustänneg, fir alles wat ronderëm ass, a kann domat e Kader setzen. Fir de Serge Wilmes heescht dat, en attraktiven, sécheren a propperen ëffentleche Raum ze hunn an eng Stad, déi accessibel ass. An d'Stad wier accessibel, ënnersträicht de Serge Wilmes. De Parking Hamilius, zum Beispill, ass nëmmen zu 30% ausgelaascht a vum Glacis aus fiert e klenge Bus erof.

Mä d'Chantieren hunn en Impakt, dat gëtt de Stater Schäffe gären zou. Wéi grouss deen Impakt ass, wär schwéier ze soen. Et géif awer och Ënnerstëtzung ginn, zum Beispill beim Tramschantier. Punktuell Entschiedegungen eleng géifen awer net duergoen, et missten och Initiative geholl ginn.

Serge Wilmes: "Sech zesummen doen, Saachen organiséieren an da vun eis villäicht eng Ënnerstëtzung kréien. Och mir, den ëffentlech Raum méi flott maachen, och wärend der Chantierszäit. Besser kommunikéieren: datt d'Parkingen accessibel sinn, datt déi Butteker accessibel sinn, dat ass eis wichteg."

De Stater Geschäftsverband kritt an deem Sënn e Budget fir eng Campagne speziell fir de Garer Commerce. D'Stad Lëtzebuerg ënnerstëtzt och den Internetportal „Letzshop.lu“ mat 150'000 € d'Joer. A wann ee sech an enger Strooss zum Beispill als Butteker zesummen deet an eppes Spezielles organiséiert, ënnerstëtzt d'Stad dat och finanziell.

De Commerce entwéckelt sech, erkläert den 1. Stater Schäffen. Och wa Geschäfter zoumaachen, gëtt op der anerer Säit nees investéiert. "Handel ist Wandel", seet de Serge Wilmes, d'Stad wier och keng Festungsstad méi, ma eng modern Stad vum 21. Joerhonnert.

Wéi eescht d'Situatioun aktuell an der Stad ass, weess och d'Gemeng net. D'Stad Lëtzebuerg wëll Zuelen: wéi vill Leit wou akafen oder op d'mannst mol ze Fouss ënnerwee sinn. Well Leit sinn an der Stad. D'Situatioun vum Stater Commerce wär net schwaarz oder wäiss, mä gro. Dat seet de Serge Wilmes.