Lex Delles: "Och kleng Geschäfter hunn Zukunft"

De Mëttelstandsminister Lex Delles um Buergermeeschterdag am Juni / © Ant Deister (RTL)
Et géif een an engem Aarbechtsgrupp iwwer Sënn an Zweck vun engem Moratoire nodenken.
Déi lescht zwee Deeg hu mer op dëser Plaz d'Problemer am Commerce, speziell an der Stad, thematiséiert. Elo kënnt den zoustännege Minister ze Wuert... wéi gesäit de Lex Delles d'Situatioun? Ginn et Problemer? Ass d'Regierung gefuerdert? A misst een net iwwert e Moratoire nodenken?
De Lex Delles ass zoustänneg fir de Mëttelstand, also och fir de Commerce. Als Minister huet hien natierlech e positiven, optimistesche Bléck: "Ech mengen, wann ech géif als Minister soen, et gëtt e Problem am Commerce, da wär dat kee positive Message fir d'Geschäftsleit. Ech mengen, datt et sech haut och nach ka lounen, wann ee Geschäftsmann wëll ginn, datt och kleng Geschäfter haut nach Zukunft hunn, mä si funktionéiere vläit anescht wéi nach viru Joren oder vläit Jorzéngten."
Et gëtt e Wandel beim Kafverhalen a bei de Geschäfter, seet de Mëttelstandsminister: "De Client selwer changéiert, keeft haut anescht an. Op déi nei Cliente muss een opsprangen, kucken, wat se wëllen, wat villäicht net a wéi een se kann am beschten zerwéieren."
Et muss een sech also upassen, soss funktionéiert et haut net méi. An der Stad maache mateneen e puer Traditiounshaiser zou, de Staat kann do näischt maachen: "Ech mengen, datt e Geschäftsmann e Geschäftsmann ass a mir als Ministère gesinn et neutral a behandelen all d'Geschäfter gläich."
An de Ministère hëlleft alle Gemengen an alle Geschäftsleit, ënnersträicht de Lex Delles, am Kader vun de Méiglechkeeten...zum Beispill mat Aiden, wann een zum Beispill investéiert. D'Regierung ënnerstëtzt och e Pilotprojet, wou 5 Gemengen eraus gesicht ginn....vun deenen anerer kënne profitéieren: "Et gëllt aus de 5 Pilotegemengen dat Bescht eraus ze huelen. Wéi kritt ee Leit ugezunn oder wat feelt zum Beispill fir bei eis an d'Gemeng akafen ze kommen?"
Mä ass iwwerhaapt am Commerce fir jiddereen e Stéck vum Kuch do? Gëtt et net ze vill Commerce? Wär e Moratoire zum Beispill op grousse Surface fir d'Geschäfter an de Stied ze stäerken, net eng Méiglechkeet? De Minister Lex Delles schléisst dat net kategoresch aus: "Mir haten hei zu Lëtzebuerg e Moratoire, deen ass jo ofgeschaaft ginn. Mir hunn awer en Aarbechtsgrupp, mam Interieur, mat der Landesplanung an de Classes moyennen, wou mer kucken, wat déi verschidde Plaze sinn, wou et villäicht Sënn mécht, wou net. Ob e Moratoire Sënn mécht? Dat géif een an deem Aarbechtsgrupp undenken."
Eng Stad hätt Atouten, déi eng Grande Surface ni ka kréien. Eng Grande Surface kann awer och complementaire sinn, fënnt de Minister. Och d'Akafszentere selwer kéint een net matenee vergläichen....de Commerce bleift e komplexen Dossier.