Niewent dem architektonesche Patrimoine gëtt et de Patrimoine Archéologique wéi de Mosaik vu Viichten, de Patrimoine Mobilier.

Dat sinn zum Beispill wäertvoll Objeten an engem Musée, an de Patrimoine immatériel, zu deem d'Schueberfouer gehéiert. D'Fouer, d'Eemaischen, d'Sprangprëssessioun, an d'Oktav, kruten elo Gesellschaft. De Kleeschen, d'Haus- a Flouernimm,  d'Hiewanskonscht, déi vun den Haupeschbléiser an déi vum Dréchemaueren tässele stinn elo mat um Inventaire. Dat hei ass d'Theorie, déi d'Unesco 2003 an enger Konventioun festgehalen huet. D'Praxis gëtt awer nach richteg gelieft, zum Beispill op der Kiermes zu Dikrech, wou d'Monique Kater op engem Intespill nach richteg Kiermesleit begéint huet.

AUDIO: Fouer als Patrimoine / Reportage Monique Kater

Kiermes ass Freed fir d'Kanner, steet fir gutt Laun, a grad, wann d'Kanner kënne fësche goen. Et ass mega! schwäermt d'Rosanna Folcarelli an ass dobäi méi Kand, dat sech u fréier erënnert, wéi déi erwuesse Fra, déi mat engem Clement zesummen ass. Clement, dat ass en Numm, dee nach eppes symboliséiert, eppes wat lues a lues verluer geet. De Lëtzebuerger Forain. Den Numm Clement steet fir richteg Kiermesleit. Eng Famill, déi an dësem Beruff bleift, net just op d'Fouer schaffe geet, mä och op déi méi kleng Kiermessen am Land. Wéi déi zu Dikrech oder an der Fiels. D'Shirley war eis schonn do opgefall. Eng jonk Fra, en Intespill, eng Clement. Formidabel, et gëtt se also nach, d'Traditioun. An d'Loscht dorobber!

Ech hunn ëmmer gefëscht als Kand, meng Tatta hat déi Bud hei, ech war ganz gären hei, och fir mer e Kaddo erauszesichen, natierlech. Et ass jo och eppes Impressionnantes fir d'Kanner, et ka jo net jidderee richteg fësche goen, da komme se hei hinner Inte fëschen, seet d'Shirley.

A se hu gefëscht, déi kleng, déi grouss hätten am Fong gär dat selwecht gemaach, hale sech awer brav zréck an e schaarft A op dat, wat dat Klengt fëscht.

Mir hunn dat schonn als Kanner gemaach, dat ass elo schonn esou vill Joren hier. Eigentlech ass et net spektakulär, mä eis Kanner, d'Mia, huet dat immens gär. Hat seet ëmmer: wa mer op d'Kiermes ginn, gi mer fëschen!

Wann een dem Patrick Dondelinger seng Zéiweschlappe gesäit, denkt een u Fräschen, an ob déi elo onbedéngt gäre fëschen? De Mann aus dem Kulturministère ass awer egal wéi de Spezialist fir den immaterielle Patrimoine, an erkläert, wat dat eigentlech ass.

Also immateriellt Kulturierwen ass, no enger Konventioun vun 2003, Gebräicher, Zeremonien, Wëssen iwwert d'Natur, Handwierk, déi d'Leit als hiert Kulturierwen ugesinn an doduercher e Gefill vun Identitéit a Kreativitéit kréien.

Heescht also: D'Editioun 679 vu der Fouer an d'Schueberfouer allgemeng si geschützt, a bei engem Shirley Clement, dat e Geschäft vun der Tatta iwwerholl huet, gesäit och de Patrick Dondelinger firwat. Et ass e Patrimoine, zënter 1340 e Kulturierwen, eng Traditioun, e Beruff, dee vu Generatioun zu Generatioun weiderlieft.

E gëtt de Leit hei am Land an an der Regioun eng Kontinuitéit. Et seet ee jo, wann d'Fouer ass, ass de Summer eriwwer. Do kommen dann déi Lëtzebuerger an déi europäesch Fouerleit zesummen.

Dass d'Lëtzebuerger Kiermesleit ëmmer zu manner ginn, gesäit an héiert een op der Fouer. Firwat also nëmmen eis ganz grouss Kiermes schützen? Firwat net och déi kleng Duerfkiermes op den Inventaire setzen, oder de Forain, dee vun hei? Esou laang et si nach gëtt, well protegéiere kann ee nëmmen déi lieweg Gebräich, keng, déi et net méi ginn.