
Et gouf nees Post fir de Premier vun der Union des Syndicats OGBL-LCGB. Dës Kéier betreffend Dossiere vun der Aarbecht an der Beschäftegung, déi ouni Suitte wieren. Am Bréif vun e Méinden, deen RTL-virläit, monéieren d’Gewerkschaften, dass déi zwee lescht Joer largement verluer wieren. Et hätt een de Bréif gemaach, fir ze rappeléieren, dass och d’Gewerkschafte fir eng Moderniséierung vum Aarbechtsrecht stinn, huet d’Co-Presidentin vun der Union des Syndicats Nora Back hirersäits ënnerstrach. Ze dacks géing probéiert ginn, d’Gewerkschaften als réckstänneg duerzestellen.
Op nationalem Niveau fuerderen d’Gewerkschaften, dass d’Outile fir de maintien dans l’emploi soll verstäerkt ginn. Dass d’Legislatioun fir de Reklassement, also wann een aus gesondheetleche Grënn net méi senger Aarbecht kann d’selwecht nogoen, nei gestalt gëtt an dass déi kënschtlech Intelligenz an de Betriber dem Mënsch misst gerecht ginn. Bei den éischten zwee Punkten hätt ee scho mat der Regierung virdru verhandelt, huet de Co-President vun der Union des Syndicats Patrick Dury betount.
Mam Bléck an Europa ass et d’Weiderdreiwe vun der Erhéijung vum soziale Mindestloun, d’Ëmsetzung vun der Direktive vun der Plattformaarbecht a vun der Direktiv vun der Transparenz vun de Salairen, wat ee fuerdert. Eigentlech wieren et nach vill méi Punkten, déi een hätt wëllen an de Bréif schreiwen, mee et hätt een sech kuerz gefaasst, sou d’Nora Back. Et hätt ee wëlle weisen, dass déi Sujeten net solle vergiess ginn, sot de Patrick Dury.
Op d’Fro, ob den neien Aarbechtsminister Marc Spautz keng Chance krit war d’Äntwert: “Dach, dee kritt eng Chance. Mir hunn hei Sujeten ugemellt, déi eis um Häerz leien.” Hie fënnt näischt Besonnesches drun, dëst dem Premier an dem Aarbechtsminister esou matzedeelen. An och d’Nora Back mengt: “De Bréif ass näischt géint den Aarbechtsminister. Mir sinn a lafende Gespréicher mat him”. Mä d’Co-Presidentin huet awer och betount: “Mir hu mat dëser Regierung geléiert, dass mer besser hunn, Schwaarz op Wäiss festhalen, wat mer wëlle mat op de Wee ginn”. Et wier keng Strategie all Woch e Bréif vun de Premier ze maachen.
An der Woch no der Fuesvakanz stéing dann den nächste Rendez-vous mam Aarbechtsminister un, dat zum Sujet vun der Plattformekonomie.