Gesetzespropos vun déi Lénk zu Plattform-Aarbecht13 Krittären, datt een net falschen Independant ass, mee Salarié

François Aulner
De Probleem un der Plattform-Aarbecht wieren nieft onberechenbaren Aarbechtszäiten och den onséchere Salaire.
Gesetzespropos vun déi Lénk zu Plattform-Aarbecht
D’Regierung schafft un engem entspriechende Gesetzprojet a féiert Diskussioune mat de Sozialpartner. Déi Lénk hunn elo eng eege Gesetzespropos deposéiert.

Déi Lénk: 13 Kritèren, datt een net falschen Indépendant ass, mee Salarié

D’Plattform-Aarbechter solle besser geschützt ginn. D’Regierung schafft un engem Gesetzprojet fir déi entspriechend EU-Direktiv ëmzesetzen a féiert Diskussiounen doriwwer mat de Sozialpartner. Déi Lénk, déi hunn en Dënschdeg an deem Kontext eng eege Gesetzespropos deposéiert, déi méi wäit geet ewéi d’EU-Direktiv.

Am bekanntste sinn d’Livreuren, déi um Vëlo, um Moto oder mam Auto ënnerwee sinn. Eng Applikatioun oder en Internetsite, also eng Plattform, hëlt Commanden op, e Livreur geet d’Iesse sichen a liwwert et aus. Déi zwee an de Restaurant deele sech de Präis, deen de Client bezilt. Enger Etüd vun der europäescher Gewerkschaftsfederatioun ETUC no géing dee Phenomen sech och op aner Secteuren ewéi d’Fleeg doheem oder nach den Nettoyage ausbreeden.

“De Problem vun der Plattform-Aarbecht ass jo, datt d’Leit onsécher Salairen an onberechenbar Aarbechtszäiten hunn, datt se ëmmer méi vun Algorithme kontrolléiert sinn”, huet d’Carole Thoma, Spriecherin vun déi Lénk erkläert. Déi Leit hätten als Independante kee Recht op Congé a misste selwer kucken, eng sozial Versécherung a Pensiounsrechter ze hunn.

“Présomption légale de salariat”

D’EU-Memberstaaten an d’EU-Parlament si sech dowéinst mat der EU-Direktiv eens gi fir eng “présomption légale” virzegesinn. An anere Wieder: wann et e sougenannte “lien de subordination” gëtt, ewéi et am Aarbechtsrecht heescht, dann ass ee kee falschen Independant, mee e Salarié.

Déi Lénk hunn 13 Krittäre festgeluecht, fir dee Lien ze definéieren. Wann een erfëllt ass, wier et d’Presomptioun, datt ee Salarié ass. Wann der dräi erfëllt sinn, da wier et irrefutabel. Den Députéierte Marc Baum huet ënnerstrach, datt d’Direktiv och eng “Emkéierung vun der Beweisflicht” virschreift. Dat heescht et ass d’Plattform, déi muss beweisen, datt en Aarbechter kee Salarié ass.

Déi Lénk proposéieren dann och e besseren Encadrement a méi Transparenz vum Algorithmus.

Kee populäre Sujet

Riskéieren d’Plattforme mat méi sozialem Schutz fir d’Aarbechter net onrentabel ze ginn? De Marc Baum ass sécher, datt dat net de Fall ass, well vill Restaurante hu scho virun den Apps gratis geliwwert.

Den Deputéierte vun Esch huet och e fréiere Premier op engem Begriefnis e Samschdeg zitéiert: “Et ass evident, datt d’Patronat ëmmer ufänkt ze jäizen, eis Ekonomie géing d’Baach erofgoen, wann een ufänkt Sozialgeschicht ze schreiwen.”

Firwat d’LSAP, déi bis 2023 den Aarbechtsministère hat, näischt ënnerholl huet, erkläert hie sech domat, datt d’EU-Direktiv eréischt 2024 ugeholl gouf. De Marc Baum vermutt awer och, datt ee mat esou engem Thema net vill Stëmme géing gewannen, well déi meescht déi vun der Plattform-Ekonomie betraff sinn, kee Walrecht hätten.

Back to Top
CIM LOGO