De Centre Hospitalier krut säin neien IRM um Freideg
Am Fréijoer war jo annoncéiert ginn, dass Lëtzebuerg 4 nei IRMe kritt, een um Kierchbierg, een am CHL, een zu Ettelbréck an een zu Esch
De Kierchbierg krut säin zweete schonn am Juni: Um Freideg ze Moien ass am Centre Hospitalier op der Areler Strooss en neien, drëtten Apparat installéiert ginn.
Dat ass eng opwänneg Saach. Deen IRM ass nämlech an engem Container, well net genuch Plaz am Spidol war. Virun den Ae vum Direkter a sëlleche Mataarbechter gouf den iwwer 3 Tonne schwéiere medezinesche Container, deen aus Holland koum, am hënneschten Haff vum CHL opgeriicht.
Den éischten Oktober soll en a Betrib goen. Duerch dësen drëtten IRM kënnen am CHL eng 6.500 Magneitresonanz-Ënnersichungen pro Joer méi gemaach ginn.