LuxairFluch Saarbrécken-Berlin fir 48 Stonne gestrach

RTL Lëtzebuerg
Wéi Luxair en Dënschdeg de Moie matdeelt, hunn d'Flich Saarbrécken-Berlin wéinst Onreegelméissegkeete misse fir déi nächst 48 Stonne gestrach ginn.
© AFP

Wéi et an engem Communiqué heescht, hätt dat domat ze dinn, dass déi slowenesch Fluchgesellschaft Adria Airways virleefeg net flitt. D'Lëtzebuerger Fluchgesellschaft kuckt den Ament no enger Léisung, fir dee Vol esou séier wéi méiglech nees kënnen z'assuréieren. D'Passagéier solle sech op luxair.lu oder via Telefon bei der Fluchgesellschaft informéieren.

D'Luxair schafft zanter Uganks 2018 mat der slowenescher Fluchgesellschaft zesummen an hat speziell fir d'Streck Saarbrécken-Berlin ee méi grousse Fliger mat méi Kapassitéit bei der Airline geleast.

Déi slowenesch Airline stécht a finanzielle Schwieregkeeten. Dowéinst wier de Fluchverkéier virleefeg gestoppt ginn, mellen ënnert anerem éisträichesch Medien. Zanter e Méindeg den Owend an nach bis e Mëttwoch géife keng Fliger méi landen a starten. Wéi et heescht, wier de Konzern den Ament intensiv am Gaangen, zesumme mat potentiellen Investisseuren no Léisungen ze sichen

Schonn am August gouf iwwert dës Fluchstreck verhandelt, well déi néideg Zuel vun transportéierte Passagéier net erreecht gouf. Wéi Luxair d'Verbindung Saarbrécken-Berlin vun Air Berlin iwwerholl hat, louch d'Zil bei 100.000 Passagéier pro Joer, 2018 waren et der awer just 80.000.

RTL NEWS: Verhandlungen iwwer Streck tëscht Saarbrécken a Berlin

Schreiwes vu Luxair

Unregelmässigkeiten im Flugplan Saarbrücken-Berlin

Wegen zeitweiliger Einstellung des Flugbetriebes von Adria Airways für die nächsten 48 Stunden muss Luxair Flüge von/nach Saarbrücken-Berlin leider streichen.

Alternative Lösungen werden derzeit erarbeitet, um den Flugbetrieb schnellstmöglich wieder aufnehmen zu können. Luxair kümmert sich um die betroffenen Kunden und bemüht sich, eventuelle Unannehmlichkeiten so gering wie möglich zu halten.

Wir empfehlen unseren Passagieren, sich auf www.luxair.lu oder telefonisch unter +352 2456-1 nach dem Status ihres Fluges zu erkundigen.

PDF: Komplette Communiqué vu Luxair

Back to Top
CIM LOGO