
Wéi den demissionären Déifferdenger Buergermeeschter via Oppene Bréif matgedeelt huet, trëtt hien och als Deputéierten zréck. 2013 war de grénge Politiker fir d’éischt an d’Chamber gewielt ginn.
An deene leschten Deeg a Wochen hat ech d’Geleeënheet fir iwwert déi Saachen nozedenken, déi breet an intensiv an der Ëffentlechkeet diskutéiert gi sinn. No Diskussioune mat menger Famill, mat menge Fraktiounskolleg*innen a mat de Responsabele vu menger Partei hunn ech decidéiert, vu mengem Mandat als Deputéierten zréckzetrieden. Ech hunn dësen Entschloss haut de Moien och dem Chamberspresident matgedeelt.
De Kampf géint d‘Klimakris, den Asaz fir sozial Gerechtegkeet, an d’Verdeedegung vun eiser weltoppener Gesellschaft sinn Erausfuerderungen, déi an deenen nächste Joren eis voll Konzentratioun an Energie benéidegen. Mat menger Décisioun wëll ech dozou bäidroen, dass meng Deputéiertekolleg*innen an der grénger Fraktioun hir Aarbecht fir déi ekologesch a sozial Erneierung vun eisem Land konsequent weiderféiere kënnen.
Dat wat ech gemaach hunn, kann ech net réckgängeg maachen. Mä ech wëll mech dofir entschëllegen a probéieren, mat Optimismus an Energie an d’Zukunft ze kucken.
De Récktrëtt vum Deputéierten-Mandat geschitt domat eng déck Woch, nodeems de 56 Joer ale Roberto Traversini den 20. September matgedeelt hat, an der Suite vun enger Enquête vum Parquet als Buergermeeschter zeréckzetrieden.
D’Successioun als Déifferdenger Buergermeeschtesch iwwerhëlt d’Christiane Brassel-Rausch.
An d’Chamber soll fir de Roberto Traversini RTL-Informatiounen no d’Semiray Ahmedova noréckelen. Si war bei de Walen d’lescht Joer néngt-Gewielt op der Südlëscht.

Nodeems den Exekutivcomité vun Déi Gréng en Dënschdeg den Owend beienee war, trieden e Mëttwoch de Moien um 11 Auer d’Parteipresidenten Djuna Bernard a Christian Kmiotek virun d’Press, fir weider Erklärungen ze ginn.
Notamment gëtt explizéiert, datt den Henri Kox de Logementsministère vum Sam Tanson iwwerhuele soll, déi jo hirersäits d’Relève am Justizministère vum Félix Braz iwwerholl hat. Dat hat jo de François Bausch ewell an der RTL-Emissioun Background am Gespréich esou annoncéiert.
Den Ost-Deputéierten Henri Kox, dee vum Chantal Gary wäert an der Chamber ersat ginn, iwwerhëlt de Ressort vum delegéierte Minister fir d’Defense an d’bannenzeg Sécherheet.
Hien dierft d’nächst Woch vum Grand-Duc assermentéiert ginn, virdru muss awer de Kongress vun Déi Gréng mat dëser Propos vum Exekutivcomité d’Accord sinn, wat awer nach eng réng formell Saach ass.